A Possen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
A Possen ass e Musée iwwer Wäibau a Folklor zu Bech-Maacher, deen aus enger Privatinitiative eraus gegrënnt gouf.
An engem Wënzerhaus aus dem 17. Joerhonnert gëtt den Alldag am Wënzermilieu mat hëllef vu Biller an Apparater virgestallt. Nodeems dëst Wunnhaus erëm a Stand gesat gouf, ass et mat Miwwelen a Géigestänn vu fréier dekoréiert ginn. Luxus fënnt een hei seelen. D'Zil vum Musée besteet doran de Visiteuren d'Atmosphär vu fréieren Zäiten ze vermëttelen.
Déi "schwaarz Kichen" mat openem Feier a grousser Hotte, souwéi déi gossen Tak vun der Schminni, d'Bett mat Baldachin, d'Instrumenter fir d'Hierstellung vu Botter (Rompfaass) a Kachkéis, Spannrieder, Spillsaachen, asw ginn zesummen en Androck wéi d'Leit fréier gelieft hunn.
Am Wäibaumusée kann een d'Aarbecht vun de Wënzer am Laf vun de Joren verfollegen. Och e Faassbënner-Atelier ass opgebaut. An et gëtt eng gréisser Sammlung vu Glieser a Spillsaachen.
[Änneren] Praktesch Infromatiounen
Folkloristeschen a Wäibau-Musée A Possen a.s.b.l.
1, rue Aloyse Sand
L-5404 Bech-Kleinmacher
Tel. (00352) 23.69.73.53
Tel. (00352) 23.69.82.33 (Wäistuff, Degustatiounen)
Wéini ass de Musée op?
Vum 1. Mee bis den 31. Oktober all Dag vun 11-19H00 (18H00 lescht Entrée) ausser Méindes.
Vum 1. November bis den 30. Abrëll Freides, Samschdes, Sonndes an d'Feierdeeg vu 11-19H00, a fir Gruppen op Rendez-vous.
De Januar a Februar ass zou.
D'Wäistuff bleift déi selwecht Deeg op bis 21H00, a wann néideg bis Hallefnuecht.