Aacht Deeg an der Woch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
'Aacht Deeg an der Woch' ass den Numm vun engem Roman vum Jhemp Hoscheit aus dem Joer 2006.
[Änneren] Ëm wat geet et?
Verzielt gëtt, streng chronologesch, den Alldag vun e puer Escher Jongen vu 16-17 Joer an hire Famillen, an de Woche vum Mee 68. D'Studentenonrouen zu Paräis op der Televisioun sinn de Kontrastprogramm zum rouege Lëtzebuerg, wou awer och op eemol verschidde Saachen a Fro gestallt ginn.
Den Titel bezitt sech op d'Lidd vun de Beatles, Eight Days a Week. D'Beatles-Musik, déi de Pol, ee vun de Jongen, begeeschtert lauschtert, zitt sech ewéi e roude Fuedem duerch d'Buch an hëlleft him an alle Liewenslagen, net zulescht a Saache Léift...
[Änneren] Rezensiounen
[Änneren] Bibliographie
- Jhemp Hoscheit: Aacht Deeg an der Woch. Roman. Editions Guy Binsfeld, 2006. ISBN 2-87954-159-X