Banken
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Aufgaben a Struktur
Banken, sinn an hirer Haaptfunktioun Geldinstituten, déi mat hiren eegenen a geléinte Suen Projeten vu Privatpersounen, Entreprisen, oder ëffentlëchen Institutiounen finanzéieren. Wat d'Natur vun hire Finanzéirungen ugeet, gët munnechmol een Ënnerscheed gemeet tëschent Dépôtbanken, déi mat den Dépôtën vun hire Clienten Projeten ënnert der Form vu Krediten finanzéieren an den Investmentbanken, déi Anleihen émettéieren a mat deem Geld Partizipatiounen an Entreprisen huelen. Wann esou e rechtlechen Ënnerscheed a verschiddene Länner gemeet gëtt oder gemeet ginn ass, dann ass dat drop zeréckzeféieren, datt d'Autoritéite sech fir d'Sécherheet vun de Suen, déi bei Banken déposéiert sinn, verantwortlech fillen. Si wëllen domat verhënneren datt d'Sue vum "Mann vun der Strooss" an ze laang a risikoräich Placementer immobiliséiert ginn an dodurch d'Sécherheet vun den Dépôten nimmi séchergestallt ass.
Lëtzebuerg mécht dëse rechtlechen Ennerscheed nët. Hei besteet de Régime vun den Universalbanken, déi vum Prinzip hir déi verschidden Bankentätegkeeten ausüben dierfen. D'Sécherheet vun den Dépôten gëtt doduerch garantéiert, datt d'Bankenopsiicht e Mindestkapital fir Banken virschreift, souwéi Coeffizienten am Hibléck op d'Solvabilitéit an Liquiditéit vun de Banken festleet, an d'Anhalung vun dësen Coeffizienten och iwwerwaacht. D'Bankentätegkeet huet sech am Laf vun der Zäit staark ausgeweit.Liest d'Ausféierungen an der däitscher Wikipedia iwwert d'Gamme vun Dëngschtleeschtungen, déi d'Banken haut bidden.
Doriwwer raus ginn ët nach Banken mat Spezialmissiounen wéi d'Weltbank, d'Osteuropabank (BERD), an Zentralbanken, déi Geldschäiner émettéieren, d'Emissiounsbanken, wéi se och bezeechent ginn. Dës Aufgab ass zwar generell Instituter vun ëffentlechem Recht virbehal. Mä et ginn och Ausnahmen. Zum Beispill ass d' Royal Bank of Scotland, eng Privatbank, mat engem Emissiounsrecht ausgestatt. Dat war och de Fall fir d'Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg (1873-1881) während hirer kurzer Existenz an och fir d'D'Banque Internationale à Luxembourg soulang wéi de Lëtzebuerger Frang déi offiziell Landeswährung war.
[Änneren] D'Lëtzebuerger Banken
[Änneren] Hir Geschicht
Am Ufank vum 19.Jahrhonnert waren d'Bankenaktivitéiten zu Lëtzebuerg nach ganz bescheiden. D'Notären hu Gelddépôten entgéint geholl a se fir Krediter un hir Clienten benotzt. Dat hunn d'Notären nach iwregens bis nom Zweete Weltkrich gemeet, bis déi Aktivitéit hinne verbuede gouf.
Déi éischt Bank war déi vun de Gebridder Pescatore. Hir Bankenaktivitéiten hunn se deemools nach an enger Annexe, dem Hannerbuttik vun engem Tubaks- a Liewensmëttelgeschäft ofgewëckelt. Dat selwecht trëfft och fir d'Bank vum Tirouler Bernard Tschiderer zou. Hien huet mat Agrarprodukten a Spirituosen gehandelt an d'Bankgeschäft als Niewenaktivitéit praktizéiert. Wéi ët gegollt huet, nei Infrastrukturen fir d'Entwécklung ze schafen, koum ët gläichzeiteg am Jahr 1856 zu zwou Initiativen:
- Schafung vun der Staatsspuerkeess an
- Grëndung vun der Banque Internationale, der spéiderer Dexia -Banque Internationale à Luxembourg.
D'Staatsspuerkeess konnt sech op eng Staatsgarantie fir d'Spuereinlagen beruffen. Si huet deemools nach ausschléisslech Spuersuen entgéintgeholl an domat mëttel- a laangfristeg Krediter ginn. Ausser an hirem Haaptsëtz konnt och an de Postämter Geld op hir Spuerbicher abezuelt an opgehuewen ginn. Am Zweete Weltkrich ass si an den däitsche Systeem vu Spuerkeesen, d'Kreisspuerkeesen, intégréiert ginn, Agencë sinn opgemeet ginn an hir Aktivitéite goufen op all Bankaktivitéiten ausgeweit. Nom Zweete Weltkrich huet dat sech och nimmi geännert. D'Spuerkeess huet offiziell den Numm: Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat (BCEE) kritt. Si ass also eng deenen anere Banke gläichgestalltent Kreditinstitut ginn. Duerch d'Grëndung vun der Banque Internationale (och Interbank genannt), 1856 op d'Initiativ vun däitsche Bankieren hin, gouf ee wichtegen Beitrag zu der Entwécklung vum Kreditwiesen geleescht. Den haarden Konkurrenzkampf, deen se an hire Grënnerjoren mat der Banque Nationale gefouert huet, war vu kuerzer Dauer. D'Banque Nationale, op staatlech Initiativ hinn 1873 geschaaf, huet nämlech 1881 hir Aktivitéiten agestallt.
Aner Banken, meeschtens mat engem auslänneschen Aktionnariat, hunn sech an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert hei niddergelooss, mat der Absicht, um Lëtzebuerger Geschäft ze partizipéieren. An där Zäit ass och de belschen Afloss op der Plaz méi grouss ginn. Iwert hir Diechter zu Lëtzebuerg goufen déi grouss belsch Banken zu Lëtzebuerg de Toun un.
En intensive Konzentratiounsprozess huet sech an den 1990er Jahren an der Bankewelt bemierkbar gemeet. Och déi Lëtzbuerger Guichetsbanken si vun him betraff ginn. Déi grouss international Bankegruppen, wéi Dexia, Fortis an ING hu sech bei de Bréisseler Mammen akaaft an hun domat och de Kontroll vun de Banken um Lëtzebuerger Inlandsmarkt iwwerholl. Als reng Lëtzebuerger Banke verbleiwen zënterhir nach d'BCEE: d'Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat souwéi d' Raiffeisenbank an d'Raiffeisenkeesen.
[Änneren] D'Internationaliséirung vum Bankengeschäft
Vun 1960 un, no der Gebuert vum Euromarkt, hu vill auslännesch Banken sech vu Lëtzebuerg ugezu gefillt. Eng Rei vun Viraussetzunge fir den Ausbau vun hirer internationaler Tätegkeet iwert d'Finanzplaz Lëtzebuerg waren hei ginn. Ët waren souzesoen nëmme Banken ouni Guicheten an ouni Agencen. Sie hunn sech all an der Stad selwer établéiert.
[Änneren] E puer Chiffren
D'Zuel vun de Banken ass vu 37 am Joer 1970 op 118 am Joer 1985 geklomm. 1985 hu si een total vun 190 Mrd € als Bilanssomme ausgewisen, verglach mat 6 Mrd € 1970.
D'Ëntwécklung ass zënterhir weider gaang: Ufank 2004 (Januar) waren 170 Banken zu Lëtzebuerg, déi aus folgenden Länner stamen:
* Däitschland: 49 * Frankräich: 17 * Italien: 16 * Belsch: 15 * Schwäiz: 13 * Schweden: 7 * USA 6 * Japan: 5 * China: 4 * Aner Länner: 38
Source: Lëtzebuerger Zentralbank.
Hir total Bilanzsomme huet zum selweschten Zäitpunkt, (Mäerz 2004), 658 Mrd € erreecht. De ganzen Finanzsekteur zu Lëtzebuerg beschäftegt ingesamt 27.980 Persounen, dovun 19.446 Friemer (Mäerz 2004).
[Änneren] Literatur
- Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
- Delvaux, E. Reiffers: Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg – Etude pratique de la loi du 31 juillet 1929, Imprimerie Victor Buck, 5e édition, Luxembourg,1969
- Christian Calmes : Au Fil de l’Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
- Jutta Jaans-Hoche : Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Währungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981