Bertrange (Moselle)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Fir déi lëtzebuergesch Uertschaft, déi op franséisch Bertrange heescht, kuckt: Bartreng
|
|
---|---|
Land: | Frankräich |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Moselle |
Arrondissement: | Diddenuewen-Ost |
Kanton: | Metzervisse |
Awunner: | 1.994 (1999) |
Geographesch Koordinaten: | 49° 18’ 26’’ N, 06° 10’ 40’’ O |
Bertrange ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen.
D'Uertschaft gouf am Joer 848 éischtmols als Bertinerengas ernimmt a gehéiert zënter 1661 zu Frankräich. Zu der Gemeng Bertrange gehéiert och den Uert Imeldange, deen eppes méi ëstlech läit.
Am Uert, deen zum Arrondissement vun Diddenuewen-Ost gehéiert, liewen 1.994 Awunner (Stand 1999).