Bodega
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Bodega ass a Spuenien eng Wäikellerei, wou ee Wäin ze kaafe kritt an erkläert gëtt wéi de Wäin, de Sherry oder de Brandy hiergestallt gëtt.
D'Bodegae ginn no enger strenger Regel gebaut. Dës soll verhënneren, datt zevill Sonneluucht erakënnt a soll dofir suergen, datt d'Loftfiichtegkeet héich genuch ass. De Buedem vun enger Bodega besteet aus "tierra de albero" a gëtt am Summer zweemol am Dag genetzt fir d'Loftfiichtegkeet vu 70 % ze garantéieren. D'Mauere si 60 Zentimeter déck an no der traditioneller "Canto-Method" gebaut.
A Spuenien fënnt een och dacks Bodegaen, déi enger Bar gläichen, a wou een nieft dem Wäin och Klengegkeete fir z'Iesse kritt.