Fernand Roda
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Fernand Roda, gebuer de 5. Juni 1951 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler, deen zu Düsseldorf wunnt.
Tëscht 1971 an 1977 huet hien op der Staatliche Kunstakademie Düsseldorf studéiert.
Seng Ernennung zum "Chevalier de l'ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg" krut hien 1991.