Festungsmusée (Stad Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Festungsmusée an der Stad Lëtzebuerg ass e geplangte Musée, deen als Reconstructioun vum Fort Thüngen gebaut awer bis ewell net a Betrib geholl ginn ass. D'Aarbechten um Gebai selwer sinn 2004 ofgeschloss ginn. D'Arbeechten un den ale Festungsanlagen an de Mauere ronderëm de Fort sinn allerdengs nach net fäerdeg.
En ass opgeriicht ginn op Grondlag vun engem Gesetz vum 17. Februar 1997, woubäi 665.500.000 Frang (16,5 Milliounen Euro) virgesi goufen. 2003 gouf nach eng Kéier eng Ralonge vun 130 Millioune Frang (3,22 Milliounen Euro) gestëmmt.
De Projet vun deem Musée geet op Protester géint den Ëm- oder Ausbau vum Fort Thüngen zeréck, fir duer de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean (Mudam) z'installéieren. Dëse Musée hätt no dem éischte Konzept déi gesamten Anlag vum Fort Thüngen an Besëtz geholl an hätt nach méi vun der aler Bausubstanz zerstéiert oder iwwerdeckt. No e puer Revisoune steet de Réduit vum Fort Thüngen elo vum Mudam getrennt. De Festungsmusée soll d'Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg explizéieren.
2006 gouf opgrond vun enger Decisioun vun der Regierung domatter ugefaangen, e Konzept auszeschaffen, fir am ieweschte Stack e Musée vun der nationaler Identitéit anzeriichten.
2007 soll e seng Dieren opmaachen.