Glock
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Glock, offiziell Glock Gesellschaft mbH, ass eng Waffefebréck zu Ferlach an Éisträich, déi 1963 vum Gaston Glock zu Deutsch-Wagram gegrënnt gouf.
Glock an haaptsächlech bekannt fir d'Hierstellung vu Feldmesseren a Pistoulen.
Déi éischt Schosswaff vu Glock war d'Glock 17 a gouf Ufank den 1980er Joren ënnert der Bezeechnung P80 fir d'éisträichesch Arméi entwéckelt. Haut gëtt et gutt eng Dose verschidde Glock-Pistoulen, déi vun der Bauaart zwar ëmmer d'selwescht sinn, sech awer am Kaliber (9 mm bis .45 ACP) souwéi aneren Detailer (Längt 160 bis 225 mm, Chargeur vu 9 bis 17 Schoss) ënnerscheeden.
D'Waffe sinn als eng vun deenen éischte mat Plastiks-Grëffstéck, dat nëmmen e puer Stol-Placken a sech huet, entwéckelt ginn. Et handelt sech ëm "Selbstladepistolen" mat engem Safe Action Ofzuchs-system, deen eng feelend Sécherung baussen un der Waff duerch dräi integréiert Sécherunge kompenséiert.
Glock-Pistoule sinn d'Standard-Feierwaffe bei der norwegescher an éisträichescher Arméi, der Londoner Police, der éisträichescher Police, verschiddene Spezialunitéite vun der Police wéi d'däitsch Grenzschutzgrupp 9 (GSG 9) an ongeféier 2/3 vun den U.S. Policekräften.
Glock-Waffe gëllen als besonnesch zouverlässeg an einfach ze bedéngen.
D'Lëtzebuerger Douane ass zënter 2005 mat verschiddene Modeller vu GLOCK-Waffen équipéiert.