Internetforum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Internetforum as eng Web Applikatioun op enger Websäit, déi et senge Benotzer erméiglecht, fir mateneen ze kommunikéieren. Et ass eng Alternativ zu scho méi eelere Systemer wéi Usenet oder Mailinglëschten. Am Géigesaz zum Chat ginn déi geschriwwe Bäiträg net an engem Lach vu Logdateien ënner, mee se bleiwe gespäichert a kënne vu all berechtëschte Benotzer (User) resp. Gaascht (Guest) gelies ginn.
Déi verschidden Nimm fir Internetforume sinn:
- Diskussiounsforum,
- Forum,
- Board,
- Bulletin Board,
- Online/Webforum.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Opbau
An der Regel huet esou een Internetforum e bestëmmtent Thema an ass an der Struktur a Kategorien resp. an Ënnerkategorien opgegliddert.
Bannent de Kategorien kann de Benotzer dann en Thema (Topic, Thread) wat e wëllt opman, deem en natierlech och een Titel (Iwwerschrëft) gëtt. Doropshin kënnen aner Benotzer dann äntwerten (reply) an de Threadstarter kann dat selbstverständlech och. Déi eenzel Bäiträg an engem Internetforum nennt een och nach "postings" (pl. Bäitrag) oder "replies" (pl.: Äntwert)
[Änneren] Duerstellungsmethoden
Ofhängeg vun der Foresoftware an hirer Konfiguratioun ginn et verschidde Méiglechkeete fir den Inhalt vun engem Thema unzeweisen:
- Threaded View: Bei dësem System ginn déi eenzel Bäiträg a Form vun engem Bam duergestallt. Et entsteht esou eng hierarchësch Struktuer, duerch déi een erkennt, wat fir een Bäitrag als Äntwert op wat fir een anere Bäitrag erstallt gouf.
- Flat Style oder Linear Mode: Dëse System weist all d'Bäiträg an engem Thema a chonologescher Reiefolleg un.
- Hybrid View: Eng Mëschung vun deenen anere Systemer.
[Änneren] Hierarchie
En Internetforum ass generell hierarchech organiséiert an an all gréisserem Interetforum ginn et op d'mannst dës "Zorte" vu Benotzer:
- Administrator: meeschtens de Grënner vum Forum an och meeschtens Webmaster, huet Zougrëff op den Admin Control Panel, Datebank, Server, etc.
- Moderatoren: si këmmere sech ëm déi méi alldeeglech Aufgaben am Forum wéi z.B. datt net géint forumsintern Regele verstouss gëtt.
- Benotzer: Normal Membere vum Forum.
[Änneren] Internetforen zu Lëtzebuerg
Kuckt dozou d'Lëscht vu Lëtzebuerger Internetforen.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Lëschtech Forumsbiller - "Wayne-Biller" déi dacks an Internetforumen gepost ginn
- Fore-Smilies - Grafesch Smilien, déi a ville Forume benotzt ginn
- Big-boards.com - Eng interessant Säit, déi déi gréissten Internetforumen oplëscht.
- Web Forum