Kéisecker
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
Kéisecker | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
Uerdnung : | Insektefriesser | ||||
Famill : | Kéiseckeren | ||||
Ënnerfamill : | Stachelkéisecker | ||||
Gattung : | Igele mat kléngen Oueren | ||||
Aart : | Kéisecker | ||||
|
|||||
Erinaceus europaeus | |||||
De Kéisecker och nach Igel oder Däreldéier genannt (Erinaceus europaeus) ass e Mamendéier aus der Uerdnung vun den Insektefriesser.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Etymologie
De Kéisecker (dt: Igel) ass een Numm, deen Baueren dem Déier ginn hunn, well et am Ruff stoum de Kéi hir Mëllech ze suckelen. De Kéisecker gëtt op Lëtzebuergesch och nach Däreldéier genannt.
[Änneren] Kierperbau
E Kéisecker ass kleng a stacheleg.
[Änneren] Liewensweis
Igele sinn Nuetsdéieren. Hire Geroch - a Gehéirsënn sinn ganz staark entwéckelt, hir An am Géigendeel awer bal net. Si sinn immens séier a kënnen esouguer klammen a schwammen. Di gréissten Zäit vun hirem Liewe verbréngen si fir Nahrung ze sichen. Am léiwste friesse si Wiirm, Schleeken an Insekten, mä si friessen awer och nach Fräschen, Mais, Vulleneeër, Pilzer an Uebst, jee nodeems wat si grad fannen. An de kaale Regiounen hält den Igel ëmmer e Wanterschlof vu véier bis fënnef Méint.
[Änneren] Liewensraum
Den europäeschen Igel lieft a ganz Europa an an Asien bis China.
[Änneren] Fortplanzung
Igele si vun Abrëll bis September fruchtbar. D'Geschlechtsdrüse vun de Männecher schwellen am Fréijoer un. Si gi méi grouss wéi bei all denen anere Mamendéieren. Virun der Paarung muss dat männlecht Déier stonnelang d'Weibchen ëmgarrelen a leeft di ganzen Zäit am Krees ronderëm et. D'Schwangerschaft dauert ongeféier 5 Wochen an di meescht Jonk kommen am Juni oder Juli op d'Welt. Verschidde Weibercher kënnen och zweemol am Joer Jonker kreien, dann allerdéngs ass deen éischte Worf schonn am Mee an deen zweeten am September oder Oktober. Pro Worf kommen fënnef bis siwe Jonker. Déi Jonk si bei der Gebuert blann an hu ganz mëll Hoer. D'Stachele sinn allerdéngs schonn ënnert der Haut, mä et geseit een se awer nach net. No zwou Wochen mache si d'An op. Si ginn sechs bis acht Woche geniert, kënnen awer scho vill méi fréi laafen. Mat zwee Méint fänke si un hir Nahrung selwer sichen ze goen.