Lëtzebuerger Pavillon maritime
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
De Lëtzebuerger Pavillon de la batellerie et de l'aviation gouf 1972 duerch d'Gesetz vum 23 Juni geschaf. Dëst Gesetz ass duerchGesetz vum 27 Juli 1993 verännert a completéiert ginn.
Duerch d'Gesetz vum 9. November 1990 gouf de Regëster geschaf an deem all d'Schëffer, déi ënnert dem Lëtzebuerger Pavillon fueren, agedroen ginn.
Dëse Regëster ass duerch d'Gesetz vum 23. September 1997 op d' bâteaux de plaisance ausgedeent ginn.
[Änneren] Wat ass e Pavillon maritime
E Pavillon maritime ass de nationale Fändel vum Land an deem e Schëff enregistréiert ass, an deen dat Schëff obligatoresch um Mast aushänke muss. Un d'Gesetzer vun deem Land mussen d'Schëffsbesëtzer sech an deem Fall och halen. Meeschtens war dat an der Vergangenheet dat Land an deem e Reeder oder eng Reederei usesseg waren. Aus enger Rei vu Grënn ass dat haut net méi de Fall. Vill Schëffer navigéieren haut nämlech ënnert engem frieme Pavillon.
[Änneren] Firwat een Pavillon maritime zu Lëtzebuerg geschaf gouf
Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, dat ouni Zougang zum Mier friem Schëffer registréiert. Och d'Schwäiz huet hieren eegene Pavillon. A Länner wéi Frankräich sinn derzou iwwergang fir friem Schëffer an engem neigeschafenen internationale Register anzedroen a fir duerch erliichtert Conditiounen d'Konkurrenzfähegkeet vun de Schëffer, déi ënnert hierem internationalen Pavillon fueren, ze verbesseren.