Marc Girardelli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marc Girardelli (* 18. Juli 1963 zu Lustenau an Éisträich) ass e lëtzebuergesche Schileefer.
[Änneren] Säi Liewen
Mat fënnef Joer huet e mam Schi ugefaangen a mat siwen ass e schonn éischt Coursë gefuer, deemools nach fir Éisträich. 1976 ass en awer wéinst Differenze mam Trainer vun der éisträichescher Equipe (e wollt exklusiv vu sengem Papp gecoacht ginn) op Lëtzebuerg gewiesselt, wou e sech an der Lëtzebuerger Schifederatioun ageschriwwen huet. No senge Succèsen, Enn der 80er Joren, huet sech d'Fro vun der Participatioun un den Olympesche Spiller gestallt. Well ee muss d'Nationalitéit vun deem Land hun, fir dat ee matmécht, huet missen d'Gesetz iwwer d'Optioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit geännert ginn, fir datt de Marc Girardelli sech mat Zäit konnt umellen (wat deemools ironesch Lex Girardelli genannt gouf).
Bei den Olympesche Wanterspiller 1992 zu Albertville huet en dann och zwou Sëlwermedaile fir Lëtzebuerg gewonnen. A bäi den Alpine Schiweltmeeschterschaften huet en a senger Carrière ganzer véier Goldmedaillen, véier Sëlwermedaillen an dräi Bronzemedaile mat heem bruecht. Dozou kommen nach 43 Victoiren a Coursë vum Weltcup a fënnef am Gesamt-Weltcup - e Rekord, deen nach ëmmer net gebrach ass.
1997 huet de Marc Girardelli wéinst enger schwéierer Bless um Knéi seng aktiv Zäit hannert sech misse loossen. Heen huet am Januar 2001 zu Bottrop am däitsche Ruhrgebitt den Alpin Centers opgemaach, mat 640 m déi längste Schihal vun der Welt. Mëttlerweil huet e se zwar un déi hollännesch Hotelsgrupp Van-der-Falk verkaaft, mee en ass do nach ëmmer fir d'Marketing- an Ëffentlechkeetsaarbecht zoustänneg.
Mëtt 2005 ass de Marc Girardelli mam Andrea Palenov (geb. Donat) bestuet ginn. Zesumme wunne se an Däitschland.
[Änneren] Chronologesch Lëscht vun alle Gielercher
- 1984: Vainqueur am Weltcup vum Slalom.
- 1985: Sëlwermedail am Slalom bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Bormio.
- 1985: Bronzemedail am Riselaf bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Bormio.
- 1985: Vainqueur am Weltcup vum Riselaf.
- 1985: Vainqueur am Weltcup vum Slalom.
- 1985: Vainqueur am Generalclassement vum Weltcup.
- 1986: Vainqueur am Generalclassement vum Weltcup.
- 1987: Sëlwermedail am Riselaf bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Crans Montana.
- 1987: Sëlwermedail am Super-G bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Crans Montana.
- 1987: Goldmedail am Slalom bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Crans Montana.
- 1989: Goldmedail am Slalom bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Vail.
- 1989: Bronzemedail am Slalom bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Vail.
- 1989: Vainqueur am Weltcup vun der Descente.
- 1989: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
- 1989: Vainqueur am Generalclassement vum Weltcup.
- 1991: Goldmedail am Slalom bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Saalbach-Hinterglemm.
- 1991: Vainqueur am Weltcup vum Slalom.
- 1991: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
- 1991: Vainqueur am Generalclassement vum Weltcup.
- 1992: Sëlwermedail am Riseslalom bäi den Olympesche Wanterspiller zu Albertville.
- 1992: Sëlwermedail am Super-G bäi den Olympesche Wanterspiller zu Albertville.
- 1993: Sëlwermedail am Slalom bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Morioka Shizukuishi.
- 1993: Bronzemedail am Combiné bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Morioka Shizukuishi.
- 1993: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
- 1993: Vainqueur am Generalclassement vum Weltcup.
- 1994: Vainqueur am Weltcup vun der Descente.
- 1995: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
- 1996: Goldmedail am Slalom bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft an der Sierra Nevada.
- 1996: Goldmedail am Combiné bäi der Alpiner Schiweltmeeschterschaft an der Sierra Nevada.
- 43 weider Succèsen a Coursë vum Weltcup (7 x Riseslalom, 16 x Slalom, 8 x Combiné, 3 x Descente, 9 x Super-G)