Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Metal - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Metal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Metal (Kuerzform vun Heavy Metal) ass eng ofwiesselungsräich an zum Deel och relativ komplex Museksrichtung, déi hir Wuerzelen am Hard Rock aus de spéide 60er an de 70er Joren huet. Déi vill Substiler – z.B. Goth Metal, Death Metal, Power Metal, Viking Metal, Progressive Metal asw. – ënnerscheede sech zum Deel ganz gewalteg. Esou geet déi musekalesch Palette vun einfachen, meeschtens rythmesch séiere Lidderstrukture bis bei komplizéiert multiinstrumental Kompositiounen, déi et soss just an der klassescher Musek gëtt.

Obwuel Metal säin Héichpunkt an den 80er Jore kannt huet, gëtt et och haut nach eng wichteg Metal Subkultur, deer Leit aus deene verschiddenste Generatiounen ugehéieren. Zu enger Subkultur gehéiert gewéinlech och e bestëmmtene Kleedungsstil, verschidde Weltopfaassungen a Behuelensformen. Och an der Metal-Subkultur ass dat net anescht. Mee duerch d'Entwécklung vun deene ville verschiddene Substilrichtunge gëtt et keen eenheetleche Kleedungs – a Mentalitéitsstil méi. Dee wäitverbreetene Klischee vum Metaller mat de laangen Hoer, der Liedersbox an de schwaarzen T-Shirte mam Band-Logo ass haut deemno net méi esou aktuell.

Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng Metalszene, wa se och am Verglach mat Länner ewéi Däitschland, Schweden, Finnland asw. ganz kleng ass an d'Treffméiglechkeeten, sief et Concerten, Festivalen oder Caféen, zimlech moer geseet sinn.


Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

[Änneren] 60er bis 80er Joren

Den Tony Iommi vun der Grupp Black Sabbath 2005.
Den Tony Iommi vun der Grupp Black Sabbath 2005.

Den Ursprong vum Metal läit am Hard Rock. Nieft Deep Purple, Blue Cheer an dem fréien Alice Cooper gëllt besonnesch d'Hard-Rock-Grupp Led Zeppelin als ee vun de Pappe vum Metal. Als eigentleche Begrënner vum Metal gëllt allerdéngs d'Grupp Black Sabbath. Zënter 1969 hunn si aus Aflëss vum Jazz a Bluesrock eng Art vu Musek entwéckelt, déi fir de spéidere Metal charakteristesch ginn ass. Hiren Image, deen op Okkultismus baséiert, huet de Musekstil immens beaflosst. Wärend d'Hippies un d'„Muecht vun der Léift“ gegleeft hunn, huet sech d'Metal-Subkultur, als Trotzreaktioun op den Néiergang vun der Hippiekultur an hiren Idealer, an hiren Texter op déi däischter Säite vum mënschleche Liewe fokusséiert.

Virun allem jonk britesch Gruppe wéi Iron Maiden, Saxon oder Samson hunn eng Generatioun vu Musekgruppe geprägt, déi sech vun de Punkgruppen, déi dës Zäit dominéiert hunn, ofhiewe wollten. Dozou hunn si e Stil benotzt, deen engersäits d'Schnellegkeet vum Punk beinhalt huet, zum aneren awer och d'Häert, d'Dynamik an d'Filigranitéit vum Hard Rock vu Gruppe wéi Deep Purple an de 1970er Joren opgegraff huet. Vereenzelt Hard-Rock-Gruppe wéi Judas Priest hunn sech dem neie Stil ugepasst, a sech zu Metal-Gruppe weiderentwéckelt (wat an der Musekpress als New Wave of British Heavy Metal (NWoBHM) bezeechent ginn ass), an dohir kënnt och d'Verwiesselungspotential vun de Stiler. An dëser Zäit ka vun engem eegestännege Genre mam Numm "Heavy Metal" geschwat ginn.

[Änneren] Mëtt 80er Jore bis haut

[Änneren] Kultur

[Änneren] Metal als Konschtobfaassung

[Änneren] Metal als Subkultur

[Änneren] Behuelen

[Änneren] Kleedung an anner Markenzeechen

An der Metalszen gëtt et keen eenheetleche Kleedungsstil, mee dacks hu Metaler T-Shirten oder Pulloveren vun Bands, sougenannte Bandshirts un. Am allgemenge kleeden si sech schwaarz. Vill vun hinnen droe laang schwaarz Mäntel an hu laang Hoer.

Ee Grouss vun den Metaler ass eng Fauscht mat ausgestrecktem Zeige- an klengem Fanger. Mat dësem Zeechen drécken si och op Concerten de Museker hire Respekt aus.

[Änneren] Musek an Texter

Texter am Metal, si wéi déi verschidde Stiler extrem ënnerschiddlech. Si gi vun Balladen iwwer Liddertexter aus dem Mëttelalter bis hin zu satanisteschen oder gewaltverherrleschenden Texter. Et gëtt och keng Metalsprooch, och wann Englesch a skandinawesch Sproochen dominéieren.

[Änneren] Verschidde Stilrichtungen, hir wichtegst Bands a Perséinlechkeeten

  • Heavymetal: Dacks ginn déi "al" Gruppen, déi déi Museksrichtung geprägt hunn, wéi z.B. Iron Maiden einfach als Heavymetal bezeeschent.
  • Blackmetal: Eng Richtung déi sech fréier duerch satanistesch a blasphemesch Texter ausgezeeschent huet, hautdesdag ginn et emmer méi Bands déi guer näicht mat Satanismus ze dongen hun (z.B Gojira). D'Musek ass düster an atmospheresch. De Gesank gëtt éichter gekräschst wéi gesongen. Als Erfinder gëlle "Venom" a "Bathory".
  • Deathmetal: Eng Richtung déi sech duerch instrumental Brutalitéit auszeeschent, de Gesank gëtt gegrunzt.
  • MetalCore: Ass zimmlech agressiv, vum Gesank hier gëtt "Geshout", Doublebase ass genau sou e Muss ewéi erofgestëmmte Gittaren.
  • Powermetal: Hei sinn d'Texter dacks epesch Geschichten. D'Gittar an d'Batterie, awer och Synthesizer dominéieren.
  • Synphonic: De Gesank ass meeschtens weiblech an d'Musek erënnert un Operen, wéi z.B. Blind Guardian
  • New Metal: (och "Nu Metal" geschriwwen) Am New Metal geet et dorëms, Metal mat Hip Hop oder anere frieme Museksstiler Elektro ze verbannen. Besipiller si Bands wéi Linkin Park oder Slipknot
  • Pagan Metal: Beim Pagan Metal, och nach Mëttelalter Metal genannt, gëtt probéiert, mëttelalterlech Instrumenter mat an de Metal anzebréngen. Gruppen déi dat besonnesch gutt fäerdeg bréngen, sinn In Extremo oder Subway to Sally

[Änneren] Concerten a Plackelabelen

De „Rock Hard Festival“ am Joer 2006
De „Rock Hard Festival“ am Joer 2006

Déi wichtegst Méiglechkeet fr zesummenzekommen, stelle fir d'Metalzeen Concerten a Festivalen duer.

Op Metalconcerte kann ee verschidden Danzstiler gesinn:

  • Headbangen
  • Loftgittar
  • Stagediving
  • Crowd surfing
  • Pogo (ursprénglech aus dem Punk)
  • Slamdance (ursprénglech aus dem Hardcore)
  • Moshpit a Circle Pit (ursprénglech aus dem Hardcore)
  • Wall of Death (ursprénglech aus dem Hardcore)
  • Violent Dancing (ursprénglech aus dem Hardcore)
  • Headrun bzw. Headwalking (ursprénglech aus dem Hardcore)

Déi wichtegst Festivaler fir d'Metalzeen sinn:

  • Rock am Éisleck
  • Wacken Open Air
  • Rock Hard Festival
  • Bang Your Head
  • With Full Force
  • Summer Breeze
  • Ozzfest
  • Metalbash
  • Tuska Festival

Bekannte Plackelabelen: Eng Partie Plackelabele genéissen an der Metalzeen eng gewësse Bedeitung.

  • AFM Records
  • Century Media
  • Drakkar BMG
  • Earache Records
  • InsideOut
  • Lifeforce Records
  • Massacre Records
  • Metal Blade Records
  • Morbid Records
  • Music For Nations
  • Napalm Records
  • Noise Records
  • Nuclear Blast
  • Peaceville Records
  • Prophecy Productions
  • Relapse Records
  • Repulse Records
  • Roadrunner Records
  • Sanctuary Music Group
  • Spinefarm Records
  • SPV

[Änneren] Metal zu Lëtzebuerg

D'Metal Zeen zu Lëtzebuerg ass am Fong wéi d'Land selwer: relativ kleng an onopfälleg. Dëse Faktor spillt allerdéngs bei der Qualiteit vun de verschiddene Gruppe keng Roll.

Sou wéi am Rescht vun der Welt och fënnt een zu Lëtzebuerg vill verschidde Stiler, woubäi déi eng awer méi vertruede si wéi anerer. D'Metal Zeen Lëtzebuerg orientéiert sech wuel éischter un hire franséischen Noperen, dat heescht, mir fannen hei virun allem vill Death Metal an Thrash Metal Bands. Black Metal dogéint schéngt zu Lëtzebuerg, anescht wéi bei eisen däitschen Noperen, net sou staark vertrueden ze sinn.

Et gëtt eng ganz Partie lëtzebuergesch Metalgruppen. Ze ernimme sinn: Desdemonia, Ophidian, Dreaming in Red, Dead Boy Dreaming, Kyrenee, Bleeding Sword, Black Candle, Seasons Of Frost, Funerarium, Embryonic Death, Azazel, ExInferis, Scarred, Abstract Rapture, Mercury, Thousand Lakes, Ganesha, Fetuxion, Dreaming In Red, Athanorr, Reverence, The Wind, an Eternal Winter.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu