Michel Platini
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michel Platini gebuer den 21. Juni 1955 zu Jœuf, am der Meurthe-et-Moselle, gëlt als ee vun de beschte franséische Foussballisten. Hie gouf dräimol als Foussballist vum Joer vun Europa gewielt (1983-1985) a war 1976 an 1977 franséische Foussballist vum Joer.
Zënter dem 26. Januar 2007 ass hie President vun der UEFA a Vize-President vun der FIFA.
De Platini huet mat 10 Joer a sengem Heemechtsuert ugefaang mat Foussball spillen. 1972 huet en d'Divisioun gewiesselt a goung bei den Éischtdivisiounsclub Nanzeg spillen, a gouf mat deem Veräin 1978 franséische Coupe-Gewënner.
Duerno goung hien 1979 bai den AS Saint-Etienne, mat deem e 1981 franséische Landesmeeschter gouf.
1982 ass en op Turin bei d'Juventus geplënnert. Seng gréisst Erfolleger mat dëser Equip waren 1983 d'italienesch Coupe an 1984 a 1986 d'italienesch Meeschterschaft.
1984 huet hie mat Turin d'Europa-Coupe vun de Coupe-Gewënner gewonn mat engem 2:1 géint den FC Porto, an 1985 d'UEFA Europa-Coupe vun de Landesmeeschteren duerch een 1:0 géint Liverpool, a d'Coupe du Monde.
Hie war och dräi Joer hannereeneen beschte Buteur an Italien (1983, 1984 a 1985).
An der franséischer Nationalequipe huet hie vu Mäerz 1976 bis Abrëll 1987 gespillt, an huet an deeër Zäit 72 Lännerspiller gespillt. 1984 huet hien als Kapitän vun dëser Equipe d'Foussball-Europameeschterschaft gewonn a gouf och bei dëser EM beschte Buteur mat 9 Goaler.
De Michel Platini war ee Mëttelfeldspiller a Fräistoussspézialist. Ënner dem Trainer Michel Hidalgo huet hien zesumme mat dem Alain Giresse, Jean Tigana a Luis Fernández sou stark am Mëttelfeld gespillt datt si de Numm Carré magique kruten.
1987 huet de Platini opgehale mat Spillen, a war duerno vun 1988 bis 1992 Trainer vun der franséischer Nationalequipe.
[Änneren] Statistik
- 1972 - 1979: AS Nancy (175 Spiller/98 Goaler, davon 150/81 an der 1. Divisioun; 1974/75 an der 2. Divisioun)
- 1979 - 1982: AS Saint-Étienne (104/58)
- 1982 - 1987: Juventus Turin (147/68)