Musée National des Mines
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Musée National des Mines ass an der stëllgeluechte Minière Walert zu Rëmeleng ageriicht ginn, op 106 m Déift mat enger Längt vun 900m.
De Musée ass eng A.s.b.l. déi sech mat der Rëmelenger Gemeng zesumme gedoen huet (déi och Propriétaire vum Site ass) a mam Ministère des Classes Moyennes deen de Projet zënter e puer Joren aktiv ënnerstëtzt.
No Vergréisserungsaarbechten, déi vun der Gemeng Rëmeleng, vum Staat a vun der Europäescher Unioun (FEDER) finanzéiert goufen, sinn 2002 zwéin nei Zich ageweit ginn, déi dee virechten ersetzen an noutwenneg si fir den Transport vun de Visiteuren. D'Lokomotiven droen d'Nimm vun der Prinzessin Alexandra a vum Prënz Sébastien.
D'Sammlung vum Musée National des Mines ëmfaasst Handwierksgeschir, Maschinnen, Apparater an Archivdokumenter déi am Zesummenhang sti mat der Exploitatioun vum Eisenäerz vu Mëtt 19. Joerhonnert bis an d'80er vum 20. Joerhonnert.