Nationale Resistenzmusée
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nationale Resistenzmusée (Musée National de la Résistence) ass e Musée zu Esch-Uelzecht, deen iwwert Lëtzebuerg an der Zäit vum Zweete Weltkrich, absëns iwwert d'Resistenz, informéiert.
[Änneren] Geschicht
Direkt nom Krich ass d'Iddi opkomm, d'Ërënnerung un déi schwéier Zäiten net an der Vergiess geroden ze loossen. Eng Spezialcommissioun, ënnert der Présidence vum Ed Barbel, a mat Vertrieder vun der Escher Gemeng, Resistenz- a Gewerkschaftsorganisatioune gouf op d'Bee gestallt, déi iwwert eng ëffentlech Souscriptioun déi néideg Sue gesammelt, d'Konzept vum Musée ausgeschafft an d'Austellungsstécker zesummegestallt huet.
Den 22. Juli 1956 gouf d'Monument aux Morts an de Resistenzmusée ageweit. D'Pläng ware vun den Architekte Schmit-Noesen a Laurent Schmit. Artisten, déi selwer Resistenzler waren oder deportéiert gi waren, hunn Originalkonschtwierker bäigesteiert: de Foni Tissen mat enger Fresk, de Lucien Wercollier an de René Weyland mat je enger Skulptur.
1984 huet den deemolege Kulturminister Robert Krieps de Musée renovéieren an d'Ausstellung iwwerschaffe gelooss. De Resistenzmusée ass 1987 nees opgemaach ginn. Dobäi huet en, duerch ministeriellen Arrêté, den Attribut "National" kritt. D'Brillplaz, op deer de Musée steet, gouf kuerz dono a Resistenzplaz ëmbenannt.