Nationalmusée fir Geschicht a Konscht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, offiziell Musée national d'histoire et d'art (MNHA), dacks vereinfacht Staatsmusée genannt, ass an der Stad Lëtzebuerg.
Zënter 1939 ass en um Fëschmaart am fréieren Hôtel Colart-De Scherff. An den 1970er Joren goufen d'Haiser vis-à-vis an der Wiltheim Strooss mat abezunn, fir doranner konschthandwierklech an Alldags-Géigestänn aus de vergaangene Joerhonnerten auszestellen.
1997 huet de Fonds de la Rénovation de la Vieille Ville en Architekteconcours ausgeschriwwen, fir de Musée ze moderniséieren an ze vergréisseren. De Gewënner, de Christian Bauer, kunnt säi Projet realiséieren, deen et erméiglecht huet, d'Ausstellungsfläch ze verduebelen, ouni dass dat op d'Käschte vun den Nopeschhaiser goung. Hien huet de Fiels ënnert dem Fëschmaart aushielege gelooss, fir do op 5 Stäck ënnert dem Buedem Säll anzeriichten. Virun d'Säitefaçade vum Haaptgebai gouf eng nei Façade gebaut, déi, streng rechteckeg an ouni Fënsteren (bis op d'Entrée), e modernen Accent setzt.
D'Konzept vum Musée ass et z'erméiglechen, d'Chronologie vu Geschicht a Konscht vun ënnen no uewen nozevollzéien. Sou sinn Ur- a Fréigeschicht am ënneschte Keller, um -5 (de fräigeluechte Sandsteen bitt heivir e giedeleche Kader), an d'geet dann erop bis op de 4. Stack, wou d'modern Molerei ënnerbruecht ass.
De Musée ass a senger neier Form den 22. Juni 2002 (iwwert dem Buedem) an den 29. November 2002 (ënnert dem Buedem) ageweit ginn.
Direkter ass zënter 2006 den Historiker Michel Polfer.