Nationalmusée fir Naturgeschicht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Nationalmusée fir Naturgeschicht (Musée National d'Histoire Naturelle), och kuerz Naturmusée genannt, ass 1996 am Gronn fir de Public opgemaach ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Historique
[Änneren] Den Ufank
1850 ass, ënnert dem Patronage vum Prënz Henri vun Holland, d'Gesellschaft fir Naturwëssenschaften (Société des Sciences Naturelles) gegrënnt gi mam Zil, zum Fortschrëtt an der Verbreedung vun de Naturwëssenschaften am Land bäizedroen. Fir eng adequat Erhalung vun de Sammlungen, déi d'Gesellschaft sech zougeluet huet, ze garantéieren, stellt de Staat e puer Säll am Atheneum, zur deer Zäit Nationalbibliothéik, zur Verfügung. E Cabinet fir Naturgeschicht ass dunn do geschaf ginn fir all déi Objeten ze versammelen, déi fir d'Etude vun de Naturwëssenschaften zu Lëtzebuerg kéinten interessant sinn.
1854 mécht de Musée vun der Gesellschaft fir Naturwëssenschaften d'Diere fir de Public op. Déi ausgestallte Sammlungen ëmfaassen 8 Schief mat Vullen, Mamendéieren, Reptillen an Anatomiegéigestänn, 3 Vitrine mat Muschelen, souwéi Vitrine mat Insekten a Päiperlécken. 3 ganz Säll si fir Mineralien a Fossile reservéiert.
Wéi et 1892 awer néideg ginn ass, déi Säll a Klassesäll ëmzewandelen, sinn d'Sammlungen an d'Vaubanskasär am Pafendall (déi 1956 ofgerappt gouf) komm. D'Ënnerbréngung vun de Sammlungen op dëser Plaz setzt de Musée e bëssen an den Aus wëll se fir Visiteuren net sou attraktiv ass.
[Änneren] De Musée um Fëschmaart (1922-1996)
1922 keeft de Staat um Fëschmaart d'Collart-de-Scherf-Haus an déi sougenannten Al Gendarmeriesgebaier an transforméiert se fir d'Besoine vum Musée. Während e sëlleche Jore féiert de Staat Restauratiounen, Ariichtungs- an Installatiounsaarbechten duerch. De Musée bleift während deer Zäit zou fir de grousse Public, wat laang Zäit Thema vun der politescher Polemik ass an och fir ëffentlech Opreegung suergt. Wéi 1940 dunn d'Aarbechte bal fäerdeg sinn, hunn d'Sammlungen trotzdeem erëm missten op méi sécher Plaze geplënnert gi wéinst der Invasioun vun den däitschen Truppen.
Nom Krich sinn dunn awer no a no déi eenzel Säll fir d'Allgemengheet opgemach ginn. Eng éischt temporär Austellung ass 1946 organiséiert ginn. Dee leschte Sall vum Naturmusée ass [[1956] ageweit ginn.
An den 1960er an 1970er Joeren diversifizéiert de Naturmusée seng Aktivitéiten. Esou zéien elo och déi geophysikalesch Wëssenschaften an d'Astrophysik mam Planetarium an de Musée an. 1970 kënnt de Musée als éischt hei am Land an de Besëtz vun engem elektronesche Mikroskop, Material wat fir d'Fuerschung net ze entbieren ass.
Zënter 1980 entwéckelt de Musée säin Erzéiungsdéngscht fir d'Schoulklassen an initiéiert Aktivitéite fir d'Kanner fir d'Ëmwelt ze sensibiliséieren (Fräizäitaktivitéite fir Jugendlecher, Panda-Club, Sensibiliséierungskampagnen, Musée-Bus, Publikatiounen) a relancéiert d'wëssenschaftlech Fuerschung iwwert de "Patrimoine naturel".
Momentan ëmfaasst de Naturmusée 7 wëssenschaftlech Sektiounen: Zoologie, Botanik, Paläontologie, Geologie/Mineralogie, Ökologie, Anthropologie/mënschlech Biologie, Geophysik an Astrophysik.
[Änneren] En neien Naturmusée
Bis 1996 deele sech de Geschichts- a Konschtmusée an de Naturmusée d'Gebaier um Fëschmaart. Mee am Laf vun deene leschte Joerzéngten hu sech hir Sammlungen esou vergréissert an hir Aktivitéiten esou diversifizéiert, datt dru geduecht ginn ass, déi zwéi Muséeën ze trenne fir de Plazproblem ze léisen.
Zënter den 1970er Joren huet de Naturmusée also nei Gebailechkeete gesicht. De 6. Februar 1986 huet d'Chamber e Gesetzesprojet adoptéiert iwwert d'Restauratioun vum Hospice Saint Jean an den Ëmbau vun dësem historesche Monument fir den Naturmusée.
Déi administrativ Trennung vun deenen zwee Staatsmuséeën an e Geschichts- a Konschtmusée an e Naturmusée duerch d'Gesetz vum 28. Dezember 1988 spigelt d'parallel Entwécklung vun zwou kulturellen Institutiounen erëm, déi sech duerch ënnerschiddlech Konzepter ënnerscheeden an allebéid zur Uräicherung vum kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg bäidroen.
Vun 1996 un emfängt de Naturmusée seng Visiteuren an dräi Gebaier déi béidsäiteg vun der Münsterstrooss leien. All Gebai ass fir eng bestëmmt Aktivitéit virgesinn. Am Hospice Saint Jean ass den Naturmusée mat senge sëlleche permanenten an temporairen Ausstellungen. D'Erzéiungsgebai huet dräi Klassesäll fir seng Sensibiliséierungsaktivitéite fir d'Ëmwelt, déi fir Jugendlecher an haaptsächlech Schoulkanner geduecht sinn. A schliisslech ëmfaasst de Fuerschungszentrum (Centre de Recherche Scientifique) sechs Laboratoiresbureauen an zwee Dépôte fir d'Sammlungen. Eng Equipe vu Fuerscher, awer och vu fräiwëllege wëssentschaftleche Mataarbechter ënnersichen do d'Mustere vun de Sammlungen a beméien sech ëm déi wëssenschaftlech Aspekter vum Musée.