Orchestre philharmonique du Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Orchestre philharmonique du Luxembourg, ofgekierzt OPL, op Lëtzebuergesch de Lëtzebuerger philharmoneschen Orchester, besteet schonn zënter 1933 a setzt sech aus Berufsmuseker zesummen. Hien trëtt zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland mat vill Succès op.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Seng Geschicht
Den Orchestre philharmonique du Luxembourg, OPL, ass aus dem Grand Orchestre Symphonique de RTL ervirgang. Dësen war 1933 vun der Lëtzebuerger Radiostatioun opgrond vun hierem Konzessiounsvertrag gegrënnt gi an war ënnert dësem Numm bis 1996 aktiv. Du ass de Symphoneschen Orchester vun RTL vun enger privater Fondatioun iwwerholl ginn un däer ënnert och de Lëtzebuerger Stat stark bedeelegt ass. Säi Numm gouf du an Orchestre philharmonique du Luxembourg, OPL ëmgeännert. Säin éischten Dirigent war den Henri Pensis, deen dësen Orchester(mat Ausnam vun de Krichsjoeren) vun 1933 bis 1958, dem Dag vu sengem Dout, geleet huet.
Den Orchestre philharmonique du Luxembourg oder OPL, dee sech aus Berufsmuseker zesummensetzt, ass de gréissten, eelsten a wichtegsten Orchester vun Lëtzebuerg gi an ass haut en onentbierlecht Organ am kulturellen Liewen vum Land.
[Änneren] Wichteg Daten
[Änneren] Seng Dirigenten
- Henri Pensis
- Carl Melles
- Louis de Froment
- Leopold Hager
- David Shallon
- Bramwell Tovey
- Emmanuel Krivine Vun der Saison 2006/2007 un
[Änneren] Säi Repertoire
Den OPL huet e räiche klassesche Repertoire.
- Lauschtert Extraiten aus den Opféierungen vum OPL:
- Ludwig van Beethoven: Allegro aus der Sinfonie no 5
- Claude Debussy: Jeux de Vagues aus La Mer: Trois Esquisses