Péitruss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Péitruss ass eng Baach an der Stad Lëtzebuerg. Si entsteet aus dem Zesummefloss vun der Märelerbaach an der Zéissenger Baach, a leeft no e puer Kilometer an d'Uelzecht.
Den Numm kënnt vum laténgesche Wuert petresa, wat op déi vill Steng hiweist, déi viraals am Laf vun der Péitruss ze fanne waren. 1933 gouf d'Péitruss awer an e Betongskulang geluecht.
Op hirem kuerze Wee leeft si duerch dat no hir benannte Péitruss-Dall, dat d'Uewerstad vum Garer Quartier trennt. Iwwerspaant gëtt dëst Dall duerch zwou Brécken, d'Passerelle (Al Bréck) an d'Adolphe-Bréck (Nei Bréck).
Niewent dem Flossbett sinn nach Reschter vun der sougenannter Bourbons-Schleis ze gesinn, déi 1728 gebaut gouf, fir kënnen d'Dall z'iwwerschwemmen, wann een d'Stad sollt ugräifen.
Vun Hollerech u fléisst d'Péitruss an engem kënschtleche Bett, dat esou gebaut ass datt bei Nidderegwaasser just e Kullang mat Waasser gefëlt ass a bei Héichwaasser dat ganzt Bett. Beim Ofhuele vum Waasserspigel bleiwe keng Sedimenter leien, mee alles fléisst zeréck an de Mëttelkulluang a gëtt mat weidergeholl.