Perserkaz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Perserkaz | |
---|---|
Standard Nr. | |
Patronat | Iran |
Widerristhéicht | ? cm |
Gewiicht | ? |
Lëscht vu Kazerassen |
D’ Perserkaz gehéiert zu den eelsten a populärste Kazerassen. Perserkazen deele sech mat exotesche Kuerzhoerkazen a Colourpoints e gemeinsame Standard. Ënnerscheeder weise se nëmmen an der Pelz-Längt, -Textur an an der -Faarf.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ursprong
Éischt Opzeechnungen iwert d’Perserkaz si géint 1520 datéiert. De geneeën Urspronk vun der Rass ass onkloer. Méiglecherweis staamt se vun Angorakazen aus der Tierkei of, an déi aner laanghoereg Rassen aus dem deemolege Persien (haut Iran), Afghanistan, Burma, China etc. agekräizt goufen. D’Kinnigin Victoria an aner Memberen vum engleschen Kinnékshaus haten eng Virléift fir blo Perserkazen an hun heiduerch d’Popularitéit vun dëser Rass gesteigert. Déi meeschte Perserkazen, déi 1871 op der éischter Kazenausstellung an England gewise goufen, ware schwaarz, blo oder waiss. Blo a schwaarz Perserkazenhun zunächst als besonnesch wertvoll gegëlt. 1901 gouf d’ Blue Persian Cat Society gegrënnt a kuerz drop den éischte Standard fir Perserkaze erstallt. Haaptsaach war heibäi e gläichméissegt, dicht Fell an enger unis Faarw
[Änneren] Kuerzbeschreiwung
D’Perserkaz ass grouss bis mëttelgrouss. Si huet e ronne Kapp, mat klengen wäit ausernanergesaaten Ouren (Ourespëtze si ronn), grouss oppen a ronn Aen an eng kuerz Nieschen. D’Aefaarw variéiert je no Pelzfaarw tëschent orange/kofferfaarw, blo a smaragdgréng. Hir Been si kuerz, kräfteg a si huet déck Patten, de Schwanz ass zimlech Kuerz, awer staark behoert (puschelege Schwanz). De Pelz ass laang, dicht, seideg a mat vill Ënnerwoll. Si muss während dem Pelzwiessel (Fréijoer an Hierscht) regelméisseg, am beschten all Daag gekämmt a gebiischt gin, fir verfilzungen z’évitéiren. Opgrond vun hirem dichte Pelz an der domadder verbonnener néideger Pfleg ass d’Perserkaz fir d’Wunnéngshalung prédestinéiert. Vum Karakter ass d’Perserkaz eng roueg an ausgeglachen Perséinlechkeet, déi awer och geneesou wéi aner Kazen ausgeloosse spillt a schmust.
[Änneren] Diskussioun ëm d’Nues
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Fir ze liesen
- Ulrike Müller: Perserkatzen, Gräfe & Unzer, 1999
- Carola Ruff: Perserkatzen. Kauf, Haltung, Pflege. Neumann-Neudamm, 1995