Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Politesch Korrektheet - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Politesch Korrektheet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Opgepasst: D'Neutralitéit vun dësem Artikel gëtt staark ugezweifelt.

Politesch Korrektheet (Political Correctness, PC, "pee-see" ausgeschwat) ass e sproochlescht Phenomen wat dorop ofziilt, all Zorte vun Diskriminatioun ofzeschafen andeems Wierder mat negativer oder vermeintlech negativer Konnotatioun duerch neigeschafen an doduerch nach wäertfräi Wierder ze ersetzen.

Well d'Verfechter vun der Politescher Korrektheet sech an der Roll vun enger Sproochepolice gesinn an hir nei Sproochform der Allgemengheet carrément opzwénge wëllen, ass den Terme Politesch Korrektheet mëttlerweil selwer dacks negativ besat am Sënn vun Aschränkung vum fräien Denken a Schwätzen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Originë vu PC

Ursprénglech huet de Begrëff Politesch Korrektheet just déi loyal Ënnerstëtzung vun enger politescher Partei viséiert. Zënter den 1960er Joren gouf en awer am Kader vun der Biergerrechtsbewegung an der zweeter Well vun der feministescher Bewegung fir d'moralpolitesch Beuerteelung vu Sprooch a Verhalensweisen gebraucht. An den 1990er Joren gouf et dunn eng Géigebewegung, an den USA vun den Neokonservativen déi et als politesche Kampfbegrëff vu lénker Ideologie refuséieren, an an Europa souwuel vu Rietsen, déi an der Politescher Korrektheet eng Beschneidung vun der Meenungsfräiheet gesinn, wéi vu Lénken, déi doranner eng Gefor fir d'Demokratie gesinn, well selfernannte politesch korrekt Dugendwächter ganz Themeberäicher zum Tabu erklären an alle oppen Diskussioun mam Faschismus- Rassismus oder Sexismusknëppel néierhaen, an esou all anescht Denkenden als Aussätzegen vun der sozialer an/oder politescher Bühn écartéieren.

[Änneren] Beispiller vu PC

[Änneren] Gebriechebezunn

Formulérungen déi als ze negativ opgelueden ugesi gi sinn, wéi "Krëppel" oder "Mongol", goufen ënnert dem Sammelbegrëff "Handikapéierten" zesummegefaasst, deen duerno selwer duerch "Behënnerten" ersat gouf. Besonnesch an den USA ass et Moud, nach e Schrack méi wäit ze goen an de Fokus vum Gebriechen ewech op dat Postivt ze zéien, an esou z.B. aus engem "geeschteg Behënnerten" en "anescht Begabten" an aus engem "Klengen" e "vertikal Erausgefuerdeten" ze maachen.

[Änneren] Geschlechtsbezunn

Fir d'Frae sproochlech méi siichtbar ze maache musse se aus gemëscht-geschlechtleche Gruppen extra ervirgehuewe ginn, entweder duerch Eenzelnennung ("Wieler a Wielerinnen", ), Bannen-I ("WielerInnen") oder Klamer ("Wieler(innen)"). Bäi sozial net esou gutt ugesinnene Beruffer gëtt dogéint e geschlechtsneutrale Begrëff gesicht (aus "Botzfra" gëtt "Botzkraaft").

[Änneren] Rassebezunn

Den "Neger" gouf als éischt e "Schwaarzen" an dunn e "Faarwegen" oder "Afroamerikaner" (den éischten "Afrodäitsche" gouf scho gesinn, da wäert den "Afrolëtzebuerger" net méi wäit sinn). An deem Kontext kann een och den "Negerkuss" gesinn, deen zum "Schocklaskuss" mutéiert ass, an esouguer dem Agatha Christie säi Buch vun 1939 Zehn kleine Negerlein, wat no Proteste vum Scherz-Verlag 1989 an Und dann gab's keine mehr ëmbenannt gouf.

D'Politesch Korrekheet verlaangt och, all Volleksgruppe just nach no hirer Eegebezeechnung ze benennen. Esou ginn "Eskimoen" zu "Inuit" an "Zigeiner" zu "Sinti a Roma". Dat ass u sech zwar eng konkret Diskriminatioun vun allen Zigeiner déi weder Sinti nach Roma sinn, mee do gëtt da politesch korrekt argumentéiert, datt déi aner Zigeinergruppen eréischt duerch d'Net-nennen am PC-Begrëff allgemeng Opmierksamkeet kruten.

[Änneren] Aneres

  • Alen - Persoun vum Drëtten Alter
  • Droits de l'Homme - Droits Humains
  • Schéi Chrëschtdeeg - Schéi Feierdeeg
  • u Kriibs stierwen - no laanger a schwéirer Krankheet verscheeden

[Änneren] Kritik u PC

Politesch Korrektheet bréngt net nëmmen heiansdo droleg, mee och onkammoud Formuléirungen ervir, déi d'flësseg Sprooch staark hemme kënnen:

"Chaque délégation principale ... désigne ... un-e délégué-e à l'égalité. Le/la délégué-e a l'égalité a pour mission de défendre l'égalité de traitement ... le/la délégué-e à l'égalité, agissant seul-e ou de concert avec la délégation du personnel, dans les domaines de sa mission, est notamment habilité-e ..."
(art. 11bis vum Gesetz vum 18. Mee 1979 iwwert d'Reform vun den Délégations du personnel, geännert vum Gesetz vum 7. Juli 1998)

Och gi beispielsweis weiblech Forme bal nëmme bäi positiv besetze Begrëffer gebraucht. Praktesch ni liest ee vun "TerroristInnen" oder vun "Drecksmännercher a -frächen". Bäi gemëscht-geschlechtlechen Affergruppe gi bei Noriichte Frae meeschtens extra ervirgehuewen, während se an d'selwecht zesummegesatenen Tätergruppen net ernimmt ginn, esou datt en Zerrbild entsteet no deem Affer weiblech sinn an Täter männlech.

Deelweis gëtt et Gruppe vu Minoritéiten, déi sech bewosst géint Versich entscheeden, Politesch Korrektheet duerchzesetzen, a sech déi angeblech diskriminéirend Begrëffer bewosst uneegnen. Beispiller dofir sinn d'Ophuele vum Ausdrock "Schwulen" duerch Homosexueller, "Kanak" duerch Tierken an Däitschland oder "Nigger" duerch Afroamerikaner an den USA. A wann een zu Lëtzebuerg Faarweger gesäit, déi en T-Shirt mat der Opschrëft "100% Neger" unhunn, dann ass d'Politesch Korrektheet definitiv ad absurdum gefouert.

Dacks gëtt Wierder, déi u sech neutral sinn, e batteren Nogeschmaach nodréilech opgezwongen, an zwar andeems all deenen, déi eng postiv Astellung hu par rapport zum Sujet vun deem Wuert, de Gebrauch vum Wuert verbuede gëtt, sou datt dat Wuert dann effektiv just nach fir de pejorative Gebrauch op ass. En neigeschafent PC-Wuert wat an d'Plaz kënnt kann dann nëmmen nach a positive Kontexter gebraucht ginn - eng schwaarz/wäiss-Molerei, déi et de facto onméiglech mécht fir nach iergendwelch Nuancen auszedrécken. Dës Bestriewunge vun de PC-Verfechter fir Sproochnorme géint den allgemenge Sproochgebrauch duerchzesetzen, a sief et mat Mëttele vu gesellschaftlecher Ausgrenzung vun allen Net-Konformisten, ginn heiansdo (als kleng Erënnerung un d'"Gedankepolice" am George Orwell sengem Roman 1984) als "Gedankenzensur" duerch eng "Sproochpolice" gewäert.

Do dernieft ass och festzestellen, datt sech politesch korrekt Begrëffer ofnotzen, wa se mat enger gewësser Aggressivitéit weider benotzt ginn. Esou ass duerch fortlafend Neikreatioune vun Ersatzbegrëffer wéi z.B. "Negro" – "black people" – "coloured people" – "African-Americans" näicht gewonnen, wann de Wierder keng tatsächlech Integratioun nokënnt. Anescht ausgedréckt: d'Ëmdenken an de Käpp kann net duerch permanent neigeschafe Wierder eleng geschéien - dat war awer déi eenzeg Dosinnsberechtegung vun der Politescher Korrektheet.

Schlussendlech beinhalten d'Sproochmanipulatioune vun der Politescher Korrektheet och déi konkret Gefor, all d'Spuere vun der Begéinung mam Realen aus der Welt ze schafen. D'Aart a Weis wéi onangenehm Realitéiten einfach ewech-euphemiséiert ginn ass u sech nach méi eschreckend wéi d'Realitéit selwer. Ee Beispill ass do d'Barbarei vun der Gläichgültegkeet, mat deer bäi Polizeiaktioune vun der NATO doudeg Zivilpersounen als unvermeidlech "Kollateralschied" a Kaf geholl ginn.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu