Villa Louvigny
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Villa Louvigny ass e Gebai an der Stad Lëtzebuerg, dat op der Plaz vum ale Fort Louvigny steet, deen hir den Numm ginn huet. Si war 64 Joer laang de Sëtz vun der CLT (haut RTL Group).
D'Villa Louvigny steet am Park vun der Stad Lëtzebuerg, deen op den ale Festungsmaueren ugeluecht gi war. 1932 huet d'Compagnie luxembourgeoise de Radiodiffusion (CLR), déi kuerz virdru gegrënnt gi war, fir vu Lëtzebuerg aus Radiosemissiounen auszestralen, d'Villa Louvigny gelount. 1936 huet d'CLR d'Villa mam Terrain ronderëm opkaf an se 3 Joer laang ëmgebaut.
Nom Krich sinn d'Schied, déi d'Preisen hannerlooss hate, behuewe ginn, a en neien Trakt gouf bäigebaut. 1952 war en neien Deel mam Auditorium fir den RTL-Orchester fäerdeg. 1956-57 ass de markanten 8-stäckegen Tuerm gebaut ginn, an deem d'Radiostudioen a Büroen ënnerbruecht waren.
1991 sinn d'CLT-Verwaltung an d'Studioen op de Kierchbierg geplënnert, 1996 och den techneschen Déngscht, wéi en 2. Gebai um Kierchbierg fäerdeg gebaut war. D'Gebai dat eidel stung, gouf fir 931 Millioune Lëtzebuerger Frang un de Lëtzebuerger Stad verkaf. Just de virmolegen RTL-Orchester, den haitegen Orchestre philharmonique du Luxembourg ass dra bliwwen, bis 2005 d'Philharmonie fäerdeg gebaut war, an huet sech d'Raimlechkeeten zäitweileg mam Institut Monétaire Luxembourgeois a Servicer vum Gesondheetsministère missen deelen.
Haut ass d'Villa Louvigny de Sëtz vum Gesondheetsministère. Den Numm vun der Strooss déi dohinnerféiert, d'Allée Marconi, erënnert nach un d'Roll, déi se an der Geschicht vum Radio gespillt huet.