Éclair
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Éclair ass e Pâtisseriesgebäck dat aus Branddeeg gebak gëtt. Si huet eng längelzech Form (+/- 15 cm) an ass ongeféier 2.5 - 3 cm déck (net gefëllt).
Wann d'Éclair aus dem Uewe kënnt gëtt se an der Mëtt, de lange Wee no, duerchgeschnidden a mat Crême pâtissière gefëllt. Den ieweschten Deel, deen dann op déi Crême leie kënnt, gëtt matt enger Glasur iwwerzunn déi bei de Gôut vun der Crême passt.
Et gëtt och industriell Methode gebraucht fir Éclairen ze baken an ze garnéieren. Dës erkennt een am Prinzip doduerch datt d'Éclair net opgeschnidde gouf fir ze fëllen, an och doduerch datt meeschtens d'Glasur op dem falschen Deel ass, daat heescht op der flaacher Säit mat deeër den Deeg an der Pan oplouch.
Et gëtt awer och schonns handwierklech Betriber déi mat Maschinnen équippéiert sinn fir Eclairen ze fëllen ouni se opzeschneiden. Wat d'Glasur op der flacher Säit ugeet muss een och nach derbäi soen datt regional och an handwierkleche Betriber (z.b. a verschidde Géigenden an der Belsch) sou glaséiert gëtt.
Déi traditionell Éclair huet eng Vanillescrême an ass gewéinlech mat engem kloren Zockergoss oder enger Schockelasglasur iwwerzunn.
Et gëtt dann déi verschiddenst Variante vu Crêmë wéi Schockelas- Vanill- oder Mokkacrême. Méi rar ass Pistache woubäi een awer och dacks Éclaire mat Schoklasgoût fënnt a bei deenen d'Glasur am Pistache ass.