Albert Coppé
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Albert Coppé, gebuer: 26. November 1911 zu Bruges, a gestuerwen den 30. Mäerz 1999 war e belschen Economist a Politiker. Hie war Vizepräsident vun der Héijer Autoritéit vun der CECA, déi den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Aarbecht opgeholl huet.
[Änneren] Säi Liewen a seng Aktivitéiten
Den Albert Coppé huet zu Léiwen Economie studéiert an huet 1940 seng Studie mat engem Doktorat ofgeschloss. Op der Kathoulescher Universtéit vu Léiwen war hien duerno och Professer an huet do Economie dozéiert (1941-1982).
Den Albert Coppé hat ee gutt ausgefëllt politescht Liewen:
- Députéierten vu 1946-1952 (chrëschtlech-soziale Politiker)
- Minister fir Ëffentlech Aarbechten, Wirtschaft a Reconstructioun (1946-1952).
- Vizepresident vun der Héijer Autoritéit vu der CECA (1952-1967).
- Member vu der Commissioun vu den Europäesche Communautéiten (No der Fusioun vun den europäesche Verträg) (1967-1973)
- Administrateur an duerno President vum Verwaltungsrot vu der Société Générale de Banque vu Bréissel (1975-1982)
- President, während laange Jore vun der Union Européenne des Fédéralistes.
[Änneren] Auszeechnungen
Den Albert Coppé war och, niewent aner international Auszeechnungen, mat der hëchster lëtzebuergescher Auszeechnung, dem Grousskräiz vum Eechenlafuerden décoréiert ginn.
[Änneren] Seng Publikatiounen
Vu senge wichtegsten Publicatioune sinn ze nennen:
- "Problèmes d'Economie Charbonnière",
- "De Europeese Uitdaging",
- "De Multinationale Onderneming",
- "Inflatie",
- "Polemiek rond België"
- Hie war och Mataarbechter vun der Libre Belqique (1974-1988).