Bretzel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Bretzel ass e Gebäck, dat virun allem am Süddäitsche Raum verbreed ass. Se besteet aus enger ausgerullter Strull Hiefdeeg, déi zweemol anenee verflecht ass, an domatt déi typesch Form kritt.
An Däitschland an an Éisträich si Bretzele bal ëmmer salzeg. Zu Lëtzebuerg gi Bretzelen sou gutt wéi nëmmen fir Bretzelesonndeg verkaf. Dës sinn da bal ëmmer aus séissem Deeg, dacks mat Zockergoss a Mandelen drop.