Camp Ritchie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Camp Ritchie, benannt nom Albert C. Ritchie, engem Gouverneur vum US-Bundesstaat Maryland, war e Militärlager.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschichtleches
Géint 1890 gouf d'Géigend op der Catoctin-Biergketten tëscht Maryland a Pennsylvania ausgebaut als Erhuelungszentrum. Zwee kënschtlech ugeluechte Séien, den Ieweschten an den ënneschten Royer-Séi hu matgehollef, gutt situéiert Leit vu Philadelphia, Baltimore a Washington D.C. unzelackelen.
1926 krut d'Nationalgarde vu Maryland an deeër Géigend en Trainingslager opgeriicht wéinst "altitude, picturesque surrounding topography, and accessibility by both road and railroad." D'Lager gouf Camp Albert C. Ritchie genannt, zu Éiere vum Gouverneur vu Maryland. Am Juli 1927 huet déi fënneft Infanterie-Grupp vun der Nationalgarde mam Drill ugefaang.
[Änneren] Am Zweete Weltkrich
Am Zweete Weltkrich huet d'US Army de Camp vum Staat gelount fir een US-Dollar d'Joer. Vun do u war et den zentralen Trainingcamp fir de militäresche Geheimdénscht, an den Numm gouf ofgekierzt op "Camp Ritchie". Tëscht 1942 an 1945 si fënnef Milliounen US-Dollar investéiert ginn an et gouf eng Infrastruktur fir 5.000 Leit gebaut.
Hei gouf ënnert anerem d'Geheim-Unitéit vun de Ritchie Boys ausgebilt. Dëst ware jonk Däitscher, déi den Alliéierte mat hire Kenntnisser iwwer Däitschland hëllefe wollten, géint Nazi-Däitschland ze kämpfen.
[Änneren] Nom Krich
Nom Krich huet d'Arméi den Terrain zréckginn, an e gouf als Sanatorium benotzt. 1948 huet d'Arméi dat Ganzt nees gelount fir e Communications Center fir Militärspionage opzebauen. Am Oktober 1998 krut d'Zivilverwaltung den Terrain definitiv zréck.