Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
- 1001 : De Leif Erikson entdeckt Labrador, vun him Helluland genannt a schéngt laanscht d’Küst vun Neufundland bis bei dat haitegt New York gesegelt ze sinn.
- 1030 : Den Araber Alhazen (Ibu al Haitam) mécht sech eng richteg Virstellung vun der Drockloft, déi schonns den Aristoteles kannt huet.
- 1050 : Den Alhazen gebraucht fir d’éischt eigentlech Lënsen aus Kugelsegmenten als Vergréisserungsglieser.
- Juli 1054: D’Chinesen observéieren e „neie Stär“, dee sech als Explosioun vun enger Supernova erausstelle soll, déi de Kriebsniwwel enstoe gelooss huet.