Chronologie vun der Astronomie (17. Joerhonnert)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
- 17. Oktober 1604: Den Astronom Johannes Kepler gesäit am Stärebild Ophiuchus vir d’éischt d’ Supernova 1604 („dem Kepler säi Stär“), déi zënterhier läscht entdeckte Supernova an eiser Mëllechstrooss.
- 2. Oktober 1608: An der Republik vun de siwe vereenegten Nidderlanden leet de Brëllemaacher Hans Lipperhey dem Rot vun Séiland dat éischt Teleskop vir.
- 30. November 1609: De Galileo Galilei observéiert fir d’éischt de Mound mat sengem Teleskop a mecht Zeechnungen vun de Bierger, Krateren an „Ozeanen“.
- 15. Mee 1618: De Johannes Kepler entdeckt dat drëtt no him benannten Gesetz iwwer d'Planéitebewegung.
- 22. Juni 1633: Wéinst der Verdeedegung vum Kopernikus sengem Heliozentreschen Weltbild kënnt et zu Roum zum Schauprozess géint de Galileo Galilei.
- 28. Oktober 1636 : Zu Cambridge gëtt d’Harvard Universitéit gegrënnt. Hiren Numm verdankt si hirem éischte Sponsor, John Harvard.
- 1640: De Matthäus Merian stellt seng "Topographia Europaea" vir.
- 1644: Den hollänesche Séifuerer Abel Tasman stellt eng grouss Séikaart vir.
- 15. Dezember 1654: Zu Florenz get mat de regelméissege Miessungen an Opzeechnungen vun der Lofttemperatur ugefaangen.
- 25. Mäerz 1655: De Christiaan Huygens entdeckt mat sengem selwer gebauten Teleskop den Saturnmound Titan.
- 25. Oktober 1671 : Den Giovanni Domenico Cassini entdeckt de Saturnmound Iapetus.
- 1672 De Christiaan Huygens entdeckt d’Südpolarkap vum Mars.
- 22. Juni 1675: De Charles II von England grënnt dat kinneklecht Observatoire zu Greenwich, dat zënter 1884 de Nullmeridian markéiert.
- 5. Juli 1687: Dem Isaac Newton seng Philosophiae Naturalis Principia Mathematica gëtt verëffentlecht.