Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
- 1. Januar 1700 : Den Zar Péiter de Groussen setzt déi bis dohin a Russland gëlteg byzantinesch Joereszielung of, an ersetzt si duerch de Julianischesche Kalenner mat Joereszielung vu Christi Gebuert aus.
- 1700 : Och a Schweden gëtt de Gregorianesche Kalenner agefouert.
- 11. Mäerz 1702: Déi éischt engleschsproochege Dageszeitung „The Daily Courant“ erschéngt zu London.
- 5. Mee 1702: De Gottfried an d'Maria Kirch entdecken de spéideren als Messier 5 bezeechenten Kugelstärekoup am Stärebild Serpens.
- 1704 : Den italieneschen Astronom Jacopo Filippo Maraldi endeckt d'Nordpolarkap vum Mars.
- 16. Abrëll 1705: Den engleschen Astronom a Mathematiker Isaac Newton gëtt fir seng Verdengschter an der Wëssenschaft vun der Kinnigin Anne zum Ritter geschloen.
- 19. Dezember 1705: Den hollänneschen Wëssenschaftler Nicolaus Samuelis Cruquius (Waasserbauingenieur a Kartograf) fänkt zu Delft un, (weltwäit als een vun deenen éischten) regelméissege meteorologesch Opzeechnungen (Temperatur, Loftdrock, Loftfiechtegkeet, Nidderschlag) ze notéieren. Domat existéiert an Holland Wierderopzeechnungen, déi zënter 1706 nët ënnerbrach goufen.
- 8. August 1709: De brasilianeschen Jesuitepater Bartholomeu Lourenco de Gusmao erfënnt (e Virleefer) vum Waarmloftballon .
- 1. Abrëll 1748: Et gëtt ugefange mat Ausgruewunge vun de Ruinen vu Pompeji.
- 25. Dezember 1758: De vun Edmond Halley virausgesoten Koméit erschéngt.
- 3. Juni 1769: De James Cook observéiert op senger éischter Südséirees op Tahiti den Duerchgang vum Planéit Venus virun der Sonn.
- 27. Juli 1769: Zu London gëtt dat éischt urkundlech beluete Freedefeier ofgeschoss.
- 13. Oktober 1773: De Charles Messier entdeckt d’ Spiralgalaxis M 51, an der Tëschenzäit och Whirlpool-Galaxis genannt.
- 13. Mäerz 1781: De Wilhelm Herschel entdeckt de Planéit Uranus.
- 15. Mäerz 1781: De Pierre Méchain entdeckt déi dräi Spiralgalaxien Messier 98, Messier 99 an Messier 100
- 12. Juni 5. Juni 1783: D’Bridder Montgolfier féieren hiren Waarmloftballon éischtmoleg ëffentlech vir.
- 19. September 1783 : Zu Paräis start déi éischt „bemannte“ Montgolfière. Als Besatzung reesen: eng Geess, eng Gäns an een Hunn.
- 21. November 1783: Paräis: Start vum éischte bemannten Waarmloftballon vun de Gebridder Montgolfier mat dem Passagéier Jean-François Pilâtre de Rozier
- 3. August 1787: Miessunge vum Genfer Naturfuerscher Horace-Bénédict de Saussure erginn, datt de Mont Blanc deen héichste Bierg vun Europa ass.
- 26. Mäerz 1791: Den [[Urmeter gëtt zu Paräis als universellt Längemooss agefouert.
- 1795: A Frankräich gët d'metrescht System gesetzlech agefouert.
- 18. Juli 1796: Den Alois Senefelder erfënd d’Lithografie, e Flaachdrockverfaaren.
- 15. Juli 1799: De Steen vu Rosetta gëtt am Nildall bei Rosetta vum Pierre François Xavier Bouchard, engem franséischen Offizéier fond.
- 12. November 1799: Den Alexander von Humboldt observéiert a beschreiwt zu Cumaná (Venezuela) e Meteorstroum am Stärebild Leo (Léiw), dorops de Numm Leoniden – spéider Grondlag fir d’Erkenntnes, datt sou Meteorstréim periodesch optrieden.
- 10. Dezember 1799: Frankräich entscheed sech als éischt Land fir dat metrescht System a besëtzt den Urmeter aus Platin.