Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
- 20. Mäerz 1800: Den Alessandro Volta informéiert d’Royal Society zu London iwwer eng vun him erduechte Stroumquell, däeren Prinzip als Voltasche Sail bekannt gëtt.
- 2. Mee 1800: Den Anthony Carlisle an den William Nicholson geléngt et, Waasser mëttels elektreschem Stroum a Waasserstoff an Sauerstoff ze splécken. Dëse Virgang nennt den Michael Faraday deementspriechend Elektrolyse.
- 7. November 1801: Alessandro Volta stellt déi éischt Batterie der Ëffentlechkeet vir
- 26. Abrëll 1803: Bei L'Aigle an der Basse-Normandie reent et Steng vum Himmel. D’franséisch Akademie vun de Wëssenschaften muss duerno zougin, datt hir Zweifel un der ausserirdescher Existenz vu fréieren Meteorgesteng falsch waren.
- 1. September 1804: Den däitschen Astronom K. L. Harding entdeckt den Asteroid Juno.
- 21. Dezember 1806: Den Alexander von Humboldt erziëlt éischtmols vun engem magnéteschem Stuerm.
- 10. September 1811 : De Jöns Jakob Berzelius erfënd d’Symbolschrëftweis fir chemesch Elementer, wéi si och an der Summenformel verwend ginn.
- 10. Mäerz 1814: De Joseph von Fraunhofer entdeckt zu Benediktbeuern déi sougenannten Fraunhoferschen Linien (déi als donkel Sträifen am Sonnespektrum imponéieren).
- 9. Mee 1816: De Fransous Joseph Nicéphore Nièpce benotzt eng Camera obscura, fir Biller op Chlorselwerpabeier ze bannen. Hie kann "d'Fotoën" awer nach nët fixéieren.
- 1817: Den Karl Drais mécht zu Mannheim déi éischt ëffentlech Faart mat déier vun him erfonntener Draisine (Virleefer vum Vëlo).
- 25. September 1820: De franséischen Physiker André Marie Ampére entdeckt d’Gesetz iwwer Kraaftwirkungen tëschent stroumduerchfléissend Leitern.
- 30. Abrëll 1822: Zu Rotherhithe/England gët dat éischt Dampschëff mat engem Stolrumpf fäerdeg gestallt.
- 26. Abrëll 1828: DGesellschaft fir Erdkunde zu Berlin gët gegrënnt.
- 1. Juni 1831: De James Clark Ross entdeckt de magnéiteschen Nordpol op enger Forschungsfaart no Kap Adelaide bei der Boothia-Hallefinsel a Kanada.
- 26. November 1832: Den éischten Tram vun der Welt geet zu New York City a Betrib.
- 7. Dezember 1835: Tëschent Nürnberg a Fürth hëlt déi „Bayerische Ludwigsbahn“, déi éischt däitsch Eisebunn, hiren Betrib op. D’Streck huet eng Längt vun 6,05 km, fir déi d’10 PS staark Lokomotiv mam Numm „Adler“ ronn 9 Minutte braucht
- 15. Mee 1836: Den Francis Baily observéiert fir d'éischt d'Pärelschnurphänomen bei enger Sonnendäischter.
- 7. September 1837 : De franséische Polarforscher Jules Dumont d’Urville brëcht mat de Schëffen Astrolabe an Zèlée zum Südpol op.
- 19. August 1839: De Jacques Daguerre stellt säi neien fotografeschen Prozess der Paräiser Akademie vun de Wëssenschaften vir.
- 2. Abrëll 1845: Dem Armand Hippolyte Louis Fizeau an dem Jean Bernard Léon Foucault geléingt déi éischt Foto vun eiser Sonn. Sie begrënnen domadden d’astronomesche Fotografie.
- 23. September 1846: De Planéit Neptun gëtt vum däitschen Johann Gottfried Galle entdeckt.
- 10. Oktober 1846: De William Lassell entdeckt den Triton, de gréissten Mound vum Planéit Neptun.
- 13. August 1847: De John Russell Hind entdeckt den Asteroid Iris.
- 29. Juli 1851: Den Annibale de Gasparis entdeckt den Asteroid Eunomia an der Asteroidenceinture vun eisem Sonnesystem.
- 24. Oktober 1851 : Den Astronom William Lassell endeckt dem Planéit Uranus séng Mounden Ariel an Umbriel.
- 8. November 1853: Den John Russell Hind entdeckt den Asteroid Euterpe
- 5. August 1858: Den éischten transatlanteschen Telegraphenkabel gëtt fäerdeggestallt. E fonktionéiert awer nëmmen e Mount laang.
- 10. September 1858 : De George Mary Searle entdeckt den Asteroid Pandora.
- 12. November 1862: Den Asteroid (77) Frigga gëtt vum C. H. F. Peters entdeckt
- 26. Abrëll 1865: Den Annibale de Gasparis entdeckt den Asteroid 83 (Beatrix) an derAsteroidenceinture.
- 18. August 1868: Bei der Beobachtung vun enger totalen Sonnendäischter an Indien entdeckt den Astronom Pierre Janssen d’Element Helium.
- 5. September 1869 : De Meteorologe James Glaisher a säin Pilot Henry Coxwell steigen an engem Ballon mat offener Kabinn bis op 11.300 Meter.
- 2. August 1870: Zu London gëtt d’ Tower Subway, déi éischt Ënnergrondbunn vun der Welt, ageweiht.
- 10. Oktober 1874: Den J. C. Watson entdeckt als Deelhueler vun enger China-Expeditioun ulässlech vun engem Venustransits den Asteroid Juewa.
- 20. Mee 1875: D'international eenheetlech metrescht System gëtt etabléiert op enger vu 17 Staaten ageruffener Meterkonventioun ënnerzeechent.
- 18. Juli 1877: Dem Thomas Alva Edison geléngt fir d’éischt eng Tounbandopzeechnung op enger mat Stanniol bespaanten Stolwalz (Phonograph).
- 12. August 1877: De Marsmound Deimos gëtt vum Asaph Hall entdeckt.
- 18. August 1877: Den amerikaneschen Astronom Asaph Hall entdeckt den Marsmound Phobos.
- 3. Juli 1880: Den Thomas Edison grënnt d’Magazin Science.
- 7. Juli 1880: De Konrad Duden verëffentlecht säi Vollständiges Orthographisches Wörterbuch der deutschen Sprache . Et erschéngt am Verlag Bibliographisches Institut zu Leipzig.
- 30. September 1880 : Dem Henry Draper geléngt déi éischt Foto vum Orionniwwel.
- 10. August 1881: Zu Paräis gëtt déi éischt international Elektrizitéitsausstellung gewisen. D’Gäscht sinn vun deenen vum Thomas Alva Edison an dem Sigmund Bergmann entwéckelten Gléihluuten faszinéirt.
- 3. Abrëll 1885: Gottlieb Daimler lässt das von ihm erfundene Motorrad, den so genannten Reitwagen, patentieren.
- 6. Juli 1885: De Louis Pasteur test erfollegräich säin Impfstoff géint Tollwut. De Patient ass de Joseph Meister, e Jong, dee vun engem tollwütegen Hond gebass gi war.
- 6. Februar 1886: De Clemens Winkler entdeckt e weidert chemescht Element, dat hie Germanium nennt.
- 26. Juni 1886: De Fransous Henri Moissan produzéiert éischtmoleg rengen Fluor.
- 22. Dezember 1891: De Max Wolf, e Begrënner vun der Astrofotografie, fënd als éischten Astronom e Klengplanéit (Asteroid) mat fotografesche Mëttelen.
- 9. September 1892 : Den Edward Barnard entdeckt duerch een Teleskop den Jupitermound Amalthea.
- 10. Mee 1893: D'Lokomotiv Nr. 999 vun der New York Central Railroad stellt mat 181 km/h en absoluten Vitesseweltrekord op.
- 24. Mäerz 1894: Den Asteroid (390) Alma gëtt vum Guillaume Bigourdan entdeckt.
- 7. Mee 1895: De russesche Physiker Alexander Stepanowitsch Popow schafft éischtmools mat enger Dipolantenn fir den Empfank vun elektromagnetesche Wellen.
- 8. November 1895: De Wilhelm Conrad Röntgen entdeckt d’Röntgen-Straalen.
- 27. November 1895: Den Alfred Nobel schreift säi Testament a vermécht säi Verméigen enger Stëftung, déi haut d’Nobelpräiser vergëtt.
- 28. Dezember 1895: De Gustav Kaiser mëcht zu Wien op sengem 24. Gebuertsdag déi éischte dräi Röntgen-Fotoen vun der Welt
- 28. Dezember 1895: Mat engem vun hinnen entweckelten Cinématographe weisen d’Gebridder Lumière déi éischt ëffentlech Filmvirféierung zu Paris, virun zuelendem Publikum.
- 24. Februar 1896: Frankräich. Entdeckung vun der radioaktiv Strahlung vum Uran duerch den Physiker Antoine Henri Becquerel.
- 5. Mäerz 1896: Den Antoine Henri Becquerel entdeckt d’Radioaktivitéit vum Uran.
- 30. Abrëll 1897: De britesche Physiker Joseph John Thomson entdeckt den Elektron.
- 10. August 1897: De Felix Hoffmann stellt déi éischte Kéier Aspirin hier.
- 18. Dezember 1897: Den Auguste Charlois entdeckt de Asteroid Hybris.
- 18. Juli 1898: D’Marie an de Pierre Curie informéieren iwwer d’Entdeckung vun engem neien Element, dat si Polonium nennen.
- 21. November 1898: De Pierre an d’Marie Curie entdecken zesummen mat dem Gustave Bémont de Radium.
- 21. Dezember 1898: Entdeckung vum Radium duerch d’Marie an Pierre Curie.