New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Chronologie vun der Astronomie (20. Joerhonnert) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Chronologie vun der Astronomie (20. Joerhonnert)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

  • 2. Juli 1900: Mat dem Start vum LZ 1 vum Groof von Zeppelin ass um Ufer vum Bodensee den éischte Fluch vun engem Starrloftschëff.
  • 19. Juli 1900: De Paräiser Métro gëtt ageweit.
  • 19. Oktober 1900: De Max Planck gëtt virun der Däitscher Physikalescher Gesellschaft zu Berlin säi Strahlungsgesetz bekannt.
  • 12. November 1901: Den Asteroid (479) Caprera gëtt vum Luigi Carnera entdeckt.
  • 14. November 1901: De Wiener Medeziner Karl Landsteiner gëtt d’Entdeckung vun dräi Blutgruppen A, B an 0 bekannt.
  • 20. Abrëll 1902: Dem Marie a Pierre Curie gelengt d’Isoléierung vum Radium.
  • 17. Mee 1902: De Mechanismus vun Antikythera, antikt Artefakt aus Zännrieder, gëtt entdeckt. Datéiert gëtt dat alt d'Stéck op Joer 82 v.Chr.
  • 22. Mee 1902: D'Gebridder Wright patentéieren hire Fliger.
  • 28. Juni 1903: De "Verein Deutscher Ingenieure" grënnt op senger Generalversammlung zu München den Däitsche Musée fir Naturwëssenschaften a Technik.
  • 30. Abrëll 1904: De Christian Hülsmeyer kritt e Patent op säin Telemobiloskop, engem Virleefer vum Radar.
  • 30. Juni 1905: Dem Albert Einstein seng Aarbecht Zur Elektrodynamik bewegter Körper geet bei der Redaktioun Annalen der Physik eran. Si begrënnt d’Speziell Relativitéitstheorie.
  • 26. September 1905 : Den Albert Einstein verëffentlecht seng speziell Relativitätstheorie an den Annalen der Physik.
  • 27. September 1905 : Den Aufsatz Ist die Trägheit eines Körpers von seinem Energieinhalt abhängig? vum Albert Einstein gëtt publizéiert. An him steet d’Formel E = mc² (Äquivalenz vu Mass an Energie).
  • 5. Oktober 1905: Dem Wilbur Wright geléngt mat der Wright Flyer III e Fluch iwwer 38,6 km an 39,5 Minutten, de bis dohi längste Fluch mat engem Motorflieger.
  • 31. Juli 1906: An der Nuecht vum 1. August ginn an dem nei a Betrib gesaten Observatoire vun Ondřejov (haut an Tschechien), déi éischt wëssenschaftlech Observatiounen duerchgefouert.
  • 12. September 1906 : Dem Dän Jacob Christian Hansen Ellehammer geléngt mat séngem Fluchpparat Ellehammer No. 1 e Fluch vun 42 Meter.
  • 6. Abrëll 1909: De Robert Edwin Peary erreecht no eegenen Aussoe mam Matthew Henson a véier Inuit als éischt Mënschen den Nordpol. D’Richtegkeet vun sengen Aussoen gëtt vu villen Experten bezweifelt.
  • 25. Juli 1909: De Fransous Louis Blériot iwwerflitt als éischte Mënsch mat engem Fliger den Äermelkanal mat sengem Eendecker Blériot XI.
  • 28. Mäerz 1910: Den Henri Fabre flitt als éischten en Waasserfliger.
  • 19. Mee 1910: Den Halleysche Koméit passéiert d'Äerd.
  • 24. Juli 1911: An de peruaneschen Anden entdeckt eng Expeditioun ënnert der Leedung vum Hiram Bingham d’Ruinestad Machu Picchu aus der Inkazäit.
  • 17. Abrëll 1912: Eng "Rengförmeg Sonnendäischter" iwwerzitt an der Mëttesstonn Mëtteleuropa.
  • 4. Juli 1913: De Chemiker Fritz Klatte kritt d’Patent fir seng Erfindung, den haut masseméisseg wichtegsten Konschtstoff vun der Welt, de PVC.
  • 3. Mäerz 1915: An den USA gëtt d’NACA, Virleefer-Organisatioun vun der NASA, gegrënnt.
  • 19. Mäerz 1915: De Pluto gëtt fir d’éischt fotograféiert, awer nët als Planéit erkannt.
  • 20. Mäerz 1916: Den Albert Einstein verëffentlecht seng Allgemeng Relativitéitstheorie.
  • 3. Abrëll 1916: De Meteor vu Treysa schléit a Nordhessen an.
  • 1919 – Grënnung vun der Internationaler Astronomëscher Union, ofgekierzt IAU. Si ass eng weltwäit Vereenegung vun den Astronome mat Sëtz zu Paräis. Hir d’ Ziel ass d’Förderung vun der Astronomie duerch international Zesummenaarbecht.
  • 15. Juni 1919: Den John Alcock an den Arthur Whitten Brown beenden den éischten Nonstop-Transatlantik-Fluch
  • 6. Juli 1919: Dat britescht Loftschëff R-34 land zu New York a mecht domat deen éischten transatlantesche Fluch fir Loftschëffer.
  • 2. November 1920: Zu Philadelphia (Pennsylvania) start den éischte regelméissegen Radioprogramm vun der Welt. De kommerzielle Sender KDKA presentéiert Noriichten, Musék an Ënnerhaltung.
  • 14. September 1922 : Fuerscher vum US Naval Aircraft Radio Laboratory (Anacostia/USA) entdecken d’ Reflexioun vum Funksignal u Gebäier aus Eisebetong. Dës Erkenntnës ass grondleeënd fir déi spéider Radartechnik-entwécklung.
  • 4. September 1923 : Jungfernfahrt vum éischten US-amerikanesche Starrloftschëff an dat éischt mat Drogas Helium gefëllte Loftschëff, d’ USS Shenandoah.
  • 5. Juni 1924: Den Ernst Alexanderson schéckt den éischte Fax iwwer den Atlantik.
  • 12. Oktober 1924: Den Hugo Eckener start mat séngem Zeppelin LZ 126 fir den éischten Atlantikiwwerfluch.
  • 21. Juli 1925: Am Scopes-Prozess zu Dayton (Tennessee) gëtt de Schoulmeeschter John T. Scopes zu $100 veruerteelt, well hien d’Evolutiounstheorie vum Darwin geléiert huet.
  • 14. Mäerz 1926: Éischte Start vun enger Flëssegkeetsrakéit vum Robert Goddard an den USA.
  • 8. Juli 1928: D’Loftschëff LZ 127 gëtt op de Numm Graf Zeppelin gedeeft.
  • 5. September 1928 : De britesche Bakteriolog Alexander Fleming entdeckt, datt de Schimmelpilz Penicillin notatum de Wuesstum vu Bakterien hemmt.
  • 4. September 1929 : D' Weltfahrt vum däitsche Loftschëff LZ 127 Graf Zeppelin hällt no 35 Deeg op mat der Landung zo Friedrichshafen.
  • 1. August 1930: Éischt Televisioune sinn op der 7. groussern däitscher Funkausstellung am Virféierungsstadium.
  • 18. August 1932: De Auguste Piccard an de Max Cosyns fuere mat engem Stratosphäreballon an eng Weltrekordhéicht vun 16.940 Metern erop.
  • 28. Februar 1935: Am Labor vum Wallace Hume Carothers gëtt de Nylon erfonnt.
  • 22. Mäerz 1935: Vum Funktuerm Berlin gëtt deen éischte reguläre Televisiounsprogramm vun der Welt ausgestraalt.
  • 26. Juni 1936: Zu Bremen start den éischten Helikopter vun der Welt, den FW 61.
  • 28. Oktober 1937 : De Karl Wilhelm Reinmuth entdeckt en Planetoid , spéider Hermes genannt.
  • 6. Juli 1938: De Seth Barnes Nicholson entdeckt den Jupitermound Lysithea (Jupiter X).
  • 18. Juli 1938: Op Grond vun engem „Navigatiounsfeeler“ land de Flugpionéier Douglas Corrigan op engem Flug vun New York no Kalifornien dogéint awer an Irland. Hie kritt fir säin Atlantikflug de Spëtznumm „Wrong Way“.
  • 26. Abrëll 1939: Mam Fliger, Messerschmitt Me 209, stellt de Fritz Wendel een neie Geschwindigkeets-Weltrekord (755,138 km/h) op.
  • 20. Abrëll 1940: Dat éischt Elektronenmikroskop gët zu Philadelphia virgefouert.
  • 12. Februar 1941: Zu London gëtt deen éischten Patient mat Penicillin behandelt.
  • 23. Februar 1941: Dat radioaktivt Element Plutonium gët vum Physiker Glenn T. Seaborg éischtmoleg hirgestallt.
  • 18. Juli 1942: Den éischten asazfäegen Düsenjäger vun der Welt, d’Me 262 (Messerschmitt), mécht hire éischte Flug.
  • 3. Oktober 1942: Mat dem éischten erfollegräiche Start vun der A4-/V2-Rakéit zu Peenemünde mat enger Gipfelhéicht vu 84,5 Kilometern an enger Räichwäit vun 190 Kilometer gëllt dës Rakéit als dat éischt vun Mënschenhand gebauten Gerät, wat bis an de Weltraum gestouss ass.
  • 9. November 1944: Den Otto Hahn kritt den Nobelpräis fir Chemie.
  • 1. Mäerz 1945: De Pilot vum éischten senkrecht ofgeschossenem bemannten Rakéitefliger, eng Bachem Natter, kënnt beim Start ëm d’Liewen.
  • 16. Juli 1945: Trinity-Test: Déi éischt Atombomm gët a New Mexico (USA) gezünd.
  • 14. Februar 1946: An der Universitéit vun Pennsylvania gëtt ENIAC, deen éischten elektroneschen Digitalrechner, dem Publik virgestallt.
  • 14. Oktober 1947: De Chuck Yeager duerchbrëcht als éischte Mënsch erwisenermoossen d’Schallmauer mat enger Bell X-1 an ongeféier 15.000 m Héicht.
  • 20. September 1951 : E Fliger, eng Boeing B-47 flitt vir d’éischte Kéier iwwer de Nordpol.
  • 3. Oktober 1952: Déi éischt Atombom vu Groussbritannien (Vereenegt britesch Kinneksräich) gëtt gezünd.
  • 1. November 1952: US-amerikanesch Käerphysiker zünden op dem Eniwetok-Atoll am Pazifik déi éischt Waasserstoffbomm.
  • 27. Juni 1954: Zu Obninsk bei Moskau get dat éischt Kärkraaftwierk vun der Welt erfollegräich a Betrib geholl.
  • 3. August 1954: Eischte Fluch an England vun engem mat Düsen ugedriwwene Senkrechtstarter (den eischte Fliger deen ënner de Begrëff VTOL fällt). Et war de Rolls-Royce Thrust Measuring Rig a gouf vum Captain R.T. Shepherd, Chefpilot déizäit bei Rolls Royce, geflunn. Well en sou komesch op senge véier Been ausgesinn huet krut en de Spëtznumm Flying Bedstead.
  • 10. Juni 1955: De Grondsteen fir dat europäescht Kärfuerschungslabor CERN get geluecht.
  • 1. August 1955: Den ORF strahlt an Éisträich seng éischt Fernsehiwwerdroung aus.
  • 13. September 1956: IBM stellt déi éischt Festplatt vir. D’Kapazitéit bedréit sechs Megabyte (IBM 350).
  • 17. September 1956 : Dat éischt Radioteleskop vun Däitschland op dem Stockert bei Bad Münstereifel gët ageweiht.
  • 29. Juli 1957: D’International Atomenergie-Organisatioun (IAEO) gëtt gegrënnt.
  • 21. August 1957: Déi weltwäit éischt Interkontinentalrakéit, d’sowjetesch R-7, mecht hiren éischten erfollegräichen Testflug.
  • 4. Oktober 1957: Sputnik-Programm: D’Sowjetunioun bréngt mat dem Sputnik 1 deen éischten künstlechen Satelliten an d’Äerdëmlafbunn.
  • 3. November 1957: De Sputnik 2 (UdSSR) bréngt mat dem Hond Laika dat éischt Liewewiesen an eng Äerëmlafbunn.
  • 14. Abrëll 1958: De Sputnik II verglitt an der Äerdatmosphär.
  • 29. Juli 1958: Den US-Präsident Dwight D. Eisenhower ënnerzeechent den National Aeronautics and Space Act, déi d^Schafung vun der NASA virgesäit.
  • 3. August 1958: D’Atom-U-Boot USS Nautilus erreecht als éischt Waassergefiert den geographeschen Nordpol.
  • 1. Oktober 1958: D’NASA (National Aeronautics and Space Administration)gëtt gegrënnt als Reaktioun op déi fréih Erfolleg vun der Sowjetunioun an der Raumfaart aus der Virgängerorganisatioun NACA (National Advisory Committee for Aeronautics).
  • 26. Oktober 1958 : D’Fluggesellschaft PanAm hëllt de Linienbetrieb mat Düsenfligeren iwwer den Atlantik op.
  • 8. Oktober 1958: Zu Stockholm gëtt engem Mënsch den éischten Häerzschrëttmacher agepflanzt.
  • 11. Oktober 1958: D’NASA start mat Pioneer 1, déi éischt onbemannte Moundsond, wou d’Sond allerdéngs d’Äerdunzéiungskraaft nët iwwerwannen kann.
  • 13. September 1959 : Déi sowjetesche Raumsond Lunik 2 schléit als éischten künstlechen Flugkierper op dem Mound op.
  • 4. Oktober 1959: Déi sowjetesch Mondsond Lunik 3 ëmkreest den Äerdmound a funkt fir d'éischt Biller vun der Äerdmoundrécksäit.
  • 12. August 1960: Mat dem Ballonsatellit Echo 1 gëtt een éischten passiven Kommunikatiounssatellit an eng Äerdëmlafbunn bruecht.
  • 19. August 1960: Den Sputnik 5 start mat den zwee Hënn Belka a Strelka sowéi e Koup Mäis a Planzen u Bord an eng Ëmlafbunn a land deen nächsten Dag nees secher op der Äerd.
  • 12. Abrëll 1961: De sowjetesche Kosmonaut Juri Gagarin flitt u Bord vun der Wostok 1 als éischte Mënsch an de Weltraum. Domatt fänkt déi bemannte Raumfaart un.
  • 21. Juli 1961: Mat der Mercury-Redstone 4 gëtt de Virgil Grissom als zweeten US-Amerikaner op e suborbitale Flug an de Weltall geschéckt.
  • 21. August 1961: Als éischte Verkéiersflieger duerchbrecht eng Douglas DC-8 beim „Sinkflug“ d’ Schallmauer.
  • 4. Oktober 1961: Den éischten aktiven Norichtensatellit vun den USA, Courier 1B start an de Weltraum.
  • 1962: Fir d’éischte Kéier erreecht mat der Ranger 4 eng Raumsond de Mound. Leider konnt d’Sond keng Biller iwwermëttelen. Nëmmen plangméisseg op der Moundoberfläch futti fueren hat geklappt.
  • 10. Juli 1962:Den Telstar, éischten amerikaneschen Kommunikatiounssatellit, gëtt an den All geschoss.
  • 22. Juli 1962: D’Raumsond Mariner 1 start a Richtung Venus, muss awer no e puer Sekonne wéinst enger Flugbunnabweechung gesprengt ginn.
  • 12. August 1962: De Kosmonaut Pawel Popowitsch startet u Bord vun der Wostok 4 an de Weltraum. Genau 24 Stonnen no Wostok 3 mat dem Andrijan Nikolajew. Domatt befannen sech éischtmols zwou bemannten Raumgefierter gläichzäiteg an enger Äerdëmlafbunn.
  • 16. Juni 1963: Vum Kosmodrom am kasacheschen Baikonur start d’Walentina Wladimirowna Tereschkowa, genannt Walja mat dem Raumschëff Wostok 6 als éischt Fra an de Weltall.
  • 19. Juni 1964: Tëschent Japan an den USA get den éischten Telefonkabel a Betrib geholl.
  • 31. Juli 1964: De Satellit Ranger 7 land wéi geplangt haart op de Mound an zerschléit, kann awer virdrun déi éischt 4.000 Fotoe vum Mound op d’Äerd schécken.
  • 19. August 1964: Vun der NASA gëtt d’Syncom 3 als éischte geostationäre Satellit vu Cape Canaveral mat enger Delta-Trägerrakéit gestart. No bei der Internationalen Datumsgrenz stationéiert kann hie d’ Olympesch Summerspieller 1964 vun Tokyo an d’USA iwwerdroen an domatt déi éischt Televisiounsiwwerdrohung iwwer den Pazifik erméiglechen.
  • 12. Oktober 1964: Déi sowjetisch Raumkapsel Woschod 1 start mat den Kosmonauten Wladimir Komarow, Boris Jegorow an Konstantin Feoktistow u Bord. Et ass deen éischten Raumflug mat méi Persounen.
  • 18. Mäerz 1965: De Kosmonaut Alexei Archipowitsch Leonow verléisst als éischte Mënsch eng Raumkapsel am Weltraum.
  • 23. Mäerz 1965: D’Gemini 3, éischt bemannte US-Missioun verleeft erfollegräich.
  • 15. Juli 1965: D’amerikanesch Raumsond Mariner 4 flitt laanscht de Mars a liwwert déi éischt no Fotoe vun engem frieme Planéit.
  • 16. Juli 1965: Éischte Start vun enger Proton-Rakéit.
  • 26. November 1965: Frankräich start vun Hammaguir an Algerien mat enger Rakéit vum Typ „Diamant A“ de Satellit Asterix. Dëst ass den éischte Satellitestart ouni Bedeelegung vun den USA oder der fréieren UdSSR.
  • [[21. August] 1965: Beim zweeten Versuch gléckt de Start vun Gemini 5. Mat 190 Stonnen am Weltall stellen de Gordon Cooper an de Charles Conrad een neie Laangzäitrekord op.
  • 18. September 1965 : Déi japanesch Amateurastronomen Ikeya a Seki entdecken de [[Koméit deen spéider hiren Numm kritt, nämlech Ikeya-Seki. De Koméit gëtt esou hell, datt en dagsiwwer niewend der Sonn gesinn kann ginn. Hie gëlz als deen opfällegsten Koméit vum zweeten Joerdausend no Christus.
  • 18. Oktober 1965: Zwee japanesch Amateurastronomen entdecken, deen spéider no hinnen benannten Koméit Ikeya-Seki.
  • 3. Abrëll 1966: Mat der Raumsond Luna 10 schwenkt fir d’éischt e Satellit an eng Ëmlafbunn ëm de Mound.
  • 2. Juni 1966: Mat der éischter onbemannter Moundlandung etabléiert sech d’UdSSR fir kuerze Zäit als féirend Weltraumnatioun.
  • 18. Juli 1966: D’Gemini 10-Missioun start mat zwee Astronauten u Bord.
  • 12. September 1966 : Gemini 11 mam Charles Conrad an Richard Gordon un Bord start vun Cape Kennedy aus an de Weltraum. Dräi Deeg méi spéit landen si nees op der Äerd.
  • 20. September 1966 : Déi 995,2 kg schwéier Raumsond Surveyor 2 start Richtung Mound. No engem Fehler vun enger Bunnkorrektion gëtt d’Sond dräi Deeg duerno zerstéiert.
  • 23. Abrëll 1967: Start vun der sowjeteschen Raumkapsel Sojus (Raumkapsel) Sojus 1

- Bei der Landung 24. Abrëll 1967 geet de Fallschiirm nët richteg op, an d’Kosmonauten Wladimir Komarow kommen ëm d’Liewen.

  • 18. Oktober 1967: Déi sowjetesche Sond Venera 4 kritt en éischte Bléck ënner d’Wollekendecken vum Planéit Venus.
  • 9. November 1967: Beim éischte Start vun enger Saturn V Rakéit gëtt ënner anerem d’Hëtzschutzschëld vun Apollo 4 getest.
  • 11. Oktober 1968: Mat Apollo 7 gët deen éischte bemannten Flug vun engem Apollo-Raumschëff duerchgefouert. U Bord befannen sech d’Astronauten Walter Schirra, Donn Eisele an Walter Cunningham.
  • 22. Oktober 1968: No 163 Äerdëmkreesungen land d'Apollo 7 mat den Astronauten Walter Schirra, Donn Eisele an Walter Cunningham u Bord sëcher am Atlantik.
  • 7. Abrëll 1969: D’RFC 1 mat dem Titel Host Software gët verëffentlëcht. Dest kann als d’Gebuertstonn vum Internet bezeechent ginn.
  • 16. Juli 1969: Start vun Apollo 11 zur éischter bemannter Moundlandung.
  • 20. Juli 1969: Den amerikaneschen Astronaut Neil Armstrong betrëtt als éischte Mënsch de Mound (21. Juli 1969 um 02:56:20 Auer UT), kuerz drop kënnt den Edwin Aldrin no.
  • 24. Juli 1969: D’Apollo 11 land am Pazifeschen Ozean.
  • 29. Juli 1969: D’Raumsond Mariner 6 (USA) fotograféiert de Mars beim laanscht fléien a send Biller a wéinege Minutten op d^¨Aerd.
  • 2. August 1969: D’Raumsonde Mariner 7 maachen Fotoen beim Lanschtfléien vum Mars .
  • 19. November 1969: De Charles Conrad, Kommandant vun Apollo 12, betrëtt als drëtte Mënsch den Äerdmound.
  • 13. Abrëll 1970: E Sauerstofftank vum Raumschëff Apollo 13 explodéiert op dem Wee zum Mound. D’Mission gët ofbebrach, déi dräi Astronauten kommen onverletzt op d’Äerd zeréck.
  • 24. Abrëll 1970: China schéckt säin éischten künstlechen Satelliten Dong Fang Hong I an de Weltraum.
  • 17. August 1970: D’Venus-Missioun vun der sowjeteschen Raumsond Venera 7 gëtt gestart. De 15. Dezember land si als éischt Sond erfollegräich op der Venus (Planéit).
  • 17. November 1970: Mat dem Aussetzen vun Lunochod 1 am Mare Imbrium fänkt den éischten Asaz vun engem Moundgefiert un.
  • 31. Juni 1971: U Bord enger Sojus-Kapsel geet en Drockventil op. Dräi Kosmonauten kommen ëm d’Liewen.
  • 26. Juli 1971: Vum Kennedy Space Center start d’Apollo 15 mat den Astronauten David Scott, James Irwin a Alfred Worden zum Mound.
  • 30. Juli 1971: Den David Scott an de James Irwin landen mat der Moundlandefähr vun der Apollo 15 als véiert NASA-Missioun um Mound, op deem si dräi Deeg verbréngen. Bei dëser Missioun kënnt fir d’éischt d’Lunar Roving Vehicle zum Asaz.
  • 28. Oktober 1971 : Zu Woomera start Groussbritannien erfollegräich deen bis haut eenzegen Satellit mat enger briteschen Trägerraket, den Testsatellit Prospero.
  • 13. November 1971: D’US-amerikanesch Raumsond Mariner 9 erreecht de Planéit Mars a schwenkt als éischt Sond an eng Ëmlafbunn vun engem aneren Planéit an.
  • 27. November 1971: Déi sowjetesch Raumsond Mars 2 erreecht als éischten irdeschen Raumkierper de Mars
  • 1. Abrëll 1972: Intel stellt säin éischten 8-Bit-Prozesser, den 8008 vir.
  • 16. Abrëll 1972: Start vun der Apollo 16 Missioun.
  • 20. Abrëll 1972: D’Apollo 16 land op dem Mound.
  • 1. August 1972: Dat mat 100 m Duerchmiesser (bis 2000 dat gréissten fräi beweglechte Radioteleskop vun der Welt), gëtt bei Effelsberg a Betrieb geholl.
  • 21. August 1972: Start vum Ultraviolett- an Röntgen-Teleskop Orbiting Astronomical Observatory 3 och Copernicus Observatory genannt.
  • 5. Abrëll 1973: D’NASA start mat der Pioneer 11 hier zweet Jupiter-Sond .
  • 6. Abrëll 1973: D’Raumsond Pioneer 11 start mat enger Atlas-Centaur-Rakéit zur Erfuerschung vun de Planéiten Jupiter an Saturn.
  • 27. September 1973 : D’Sowjetunioun start dat bemannten Raumschëff Sojus 12.
  • 26. Oktober 1973 : Déi unbemannten Raumsond „Explorer 50“ gëtt vun den USA gestart.
  • 3. November 1973: D’NASA start de Satellit Mariner 10 a Richtung Merkur, fir deen de 29. Mäerz 1974 ze erreechen.
  • 11. September 1974 : Charles Kowal entdeckt den Jupitermound Leda (Jupiter XIII).
  • 16. November 1974: D’Arecibo-Botschaft gëtt an de Weltraum gesend.
  • 30. Mee 1975 : Grënnung vun der europäescher Weltraumorganisatioun ESA European Space Agency mat Sëtz zu Paräis (Frankräich).
  • 14. Juni 1975: D’Sond Venera Missioun vun der Sowjetunioun Venera 10 start an erreecht de 25. Oktober 1975 d’Venus. De Lander schafft 63 Minutten laang op der Planéitenuewerfläch
  • 15. Juli 1975: Déi éischt Zesummenaarbecht an der Raumfaart tëschent USA an der Sowjetunioun gëtt gestart.
  • 17. Juli 1975: Am Zesummenhang vum Apollo-Sojus-Projekt kënnt et zum éischten symboleschen Docking vun der US-amerikaneschen Apollo 18 an der sowjeteschen Sojus 19
  • 20. August 1975: D’Raumsond Viking 1 vun der NASA start op de Wee zum Mars.
  • 20. Juli 1976: De Lander vun der Raumsond Viking 1 erreecht d’Uewerfläch vum Mars.
  • 7. August 1976: D’Raumsond Viking 2 schwenkt an d’Ëmlafbunn vum Mars an.
  • 18. August 1976: Déi sowjetesch Raumsond Luna 24 land op dem Mound a kënnt den 22. August nees zeréck.
  • 3. September 1976 : D’Raumsonde Viking 2 land erfollegräich am Flaachland Utopia Planitia op dem Mars.
  • 20. August 1977: D’amerikanesch Raumsond Voyager 2 start op de Wee zum Planéit Jupiter, Saturn, Uranus an den Neptun.
  • 5. September 1977 : Start vun der amerikaneschen Raumsond Voyager 1, déi den 5. Mäerz 1979 den Jupiter an den 12. November 1980 den Saturn passéiert.
  • 23. November 1977: Mat dem Meteosat-1 gëtt deen éischten vun enger Serie vu geostationäre Wiedersatelliten vun der ESA gestart. Dëst ass en europäeschen Beitrag zum Opbau vum globalen Wiedersatellite-System.
  • 22. Juni 1978: den Astronom James W. Christy entdeckt den Zwergplanéit Charon, de gréisste Mound vum Pluto.
  • 11. Juli 1979: D’Raumstatioun Skylab verglitt an der Äerdatmosphär.
  • 1. September 1979 : Pioneer 11 flitt als éischt Raumsond beim Saturn lanscht an entdeckt dobäi een neien Saturnmound.
  • 15. Juli 1980: D’Alfred-Wegener-Institut fir Polar- a Mieresfuerschung (AWI) zu Bremerhaven gëtt gegrënnt.
  • 13. Juli 1980: D’Europäesch Weltraumbehörd ESA genehmegt zu Paräis d’Projekt Giotto: Eng mat der Ariane-Rakéit gestarte Raumsond soll d’Flugbunn vum Halleysche Koméit kräizen, deen am Joer 1986 eis Sonnesystem duerchflitt.
  • 18. Juli 1980: Indien start als sechst Land eng Rakéit a bréngt e Satellit an de Raum.
  • 7. August 1980: No iwwer véier Joer an der Ëmlafbunn vum Mars räisst de Kontakt zur Mammesond Viking 1 of.
  • 7. August 1980: Den éischten Solarenergie-Fliger Grossamer Penguin mecht säin éischte Flug.
  • 12. November 1980: D’amerikanesch Raumsond Voyager 1 flitt laanscht de Saturn a liwwert vill Fotoë vum Saturn, senge Réng a Mounden.
  • 12. Abrëll 1981: Éischte Start vun engem Space Shuttle, d’Raumfähr Columbia.
  • 14. Abrëll 1981: Mat der erfollegräicher Landung vun der Raumfähr Columbia, dem éischten Space Shuttle, héiert déi éischt Space-Shuttle-Missioun vun der NASA op.
  • 26. September 1983 : Kuerz virum Start vun enger sowjeteschen Sojus-Raket brëcht Feier aus. D’Kosmonauten kënnen sech retten, nodeem si sech mat der Kapsel ofsprengen.
  • 20. Oktober 1983: De Meter gëtt nei definéiert als Streck, déi d'Liicht am Vakuum an 1/299.792.458 Sekonnen zeréckleet.
  • 10. November 1983: De Student Fred Cohen presentéiert op der University of Southern California de weltwäit éischten Computervirus op engem Unix-System.
  • 28. November 1983: Als éischte (West-)Däitschen start den Ulf Merbold mat der US-Raumfähr „Columbia“ an de Weltraum. Mat u Bord ass d’europäescht Weltraumlabor Spacelab
  • 25. Juli 1984: Wäehrend der Missioun Sojus T-12 ënnerhëlt d’Swetlana Jewgenjewna Sawizkaja als éischt Frau e Weltraumspazéiergang.
  • 2. August 1984: An der Universitéit Karlsruhe gëtt Däitschlands éischt E-Mail empfaangen.
  • 2. Juli 1985: Fir d’Erfuerschung vum Halleysche Koméit gëtt d’europäesch Raumsond Giotto, benannt nom Giotto di Bondone, vun der Weltraumgare vu Kourou gestart.
  • 11. September 1985 : D’Raumsond ISEE-3/ICE passéiert de Koméit Giacobini-Zinner . Éischtmols ass dat e Koméit deen vun engem Satellit erfuerscht gëtt.
  • 20. November 1985: Microsoft verëffentlecht déi éischt Versioun vum Betribssystem Windows.
  • 11. September 1988 : Den Asteroid Polydoros aus der Grupp vun den Jupiter-Trojaner gëtt vum Carolyn Jean Spellmann Shoemaker entdeckt.
  • 19. September 1988 : Israel start mat der Shavit-Raket den Satellit Ofeq 1.
  • 14. Juni 1989: 12 Joer no dem leschte Start vun der Titan-Rakéit hiewt eng nei Versioun vun der Titan Rakéit of. Si kann ronn 18 t an een niddregen Orbit a bis zu 4,5 t an eng geostationär Ëmlafbunn bréngen
  • 18. Oktober 1989: Déi amerikanesch Raumsond Galileo start op hire Wee zum Jupiter.
  • 24. Abrëll 1990: D’Hubble-Weltraumteleskop gëtt vun der Space Shuttle Discovery an den Orbit bruecht.
  • 10. August 1990: D’Raumsond Magellan trëtt an eng Ëmlafbunn ëm d’Venus an, fir d’Uewerfläch vum Planéit ze kartéieren.
  • 2. Oktober 1991: Den ësträicher Franz Viehböck start zesummen mat den Kosmonauten Alexander Wolkow an Toktar Aubakirow zur russescher Raumstatioun Mir. De Viehböck ass domadden den éischten Ësträicher am All.
  • 30. Abrëll 1993: DeWWW, dat heitegt multimediale Internet, (op HTML-Grondlag) gëtt fir allgemeng Benotzung weltwäit fräi ginn.
  • 21. Abrëll 1994: Den éischten extrasolare Planéitesystem gëtt vun dem polneschen Astronom Alexander Wolszczan entdeckt.
  • 23. Abrëll 1994: Physiker am Fermilab (USA) entdecken den Top-Quark.
  • 22. Juli 1994: Déi lescht Deeler vum Koméit Shoemaker-Levy 9 schloen op de Jupiter op.
  • 15. September 1994 : De Schwäizer Astronom Didier Queloz entdeckt den éischten Planéit ausserhalb eisem Sonnensystem.
  • 12. Oktober 1994: Déi US-amerikanesche Raumsond Magellan verglitt an der Venusatmosphär.
  • 29. Juni 1995 – Beim Shuttle-Mir-Programm dockt d’Spaceshuttle Atlantis éischtmols un déi russesch Raumstatioun Mir un.
  • 5. Juli 1996: D’Schof Dolly, dat éischt gekloonte Déier gëtt a Schottland gebuer.
  • 4. Juli 1997: D’NASA-Sond Pathfinder land op dem Mars.
  • 9. Juli 1997: D’amerikanische Raumsond Voyager 2 flitt laanscht de Jupiter a liwwert vill Fotoe vum Jupiter a senge Mounden.
  • 18. September 1997 : No bal 60 Joer flitt nees een Zeppelin-Loftschëff iwwert de Bodenséi.
  • 27. September 1997 : De Kontakt zu der amerikaneschen Mars-Sond Mars Pathfinder brëcht zesummen.
  • 1998: Vun Cape Canaveral gëtt d'Raumsond Deep Space 1 als éischte Satellit mat engem Ionenundriw an de Weltraum geschoss.
  • 4. Juli 1998: Déi éischt japanesch Raumsond Nozomi gëtt a Richtung Mars geschéckt.
  • 4. Juli 1999: Zwee Hobbyarchäologen fannen d’Himmelsscheif vu Nebra, déi weltwäit eelste konkret Himmelsduerstellung gëtt.
  • 31. Juli 1999: D’US-Raumsond Lunar Prospector, däeren Missioun de Nowäis vu Waasser op dem Mound soll ginn, schléit – wéi virgesinn – op dem Mound op, nodeem si ronn 1 1/2 Joer Daten iwwer de Mound geliwwert hat. Beim Opschlag geléngt et zwar nët, Äis fräizesetzen.
  • 11. August 1999 : Total Sonnendäischter iwwer Lëtzebuerg bei ziemlech schlechten Beobachtungs-bedingungen.

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu