Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
- 525 : Den Abt Dionysius Exiguus verleet den Ufank vum Joer vum Karfreideg op den éischte Januar.
- Ëm 550 : De Kosmas Indicopleustes stellt seng Äerdkaart vir.
- 593 : Ufank vum indesche Sonnejoer Bengali-San.
- 638 : Den indesche Mathematiker Brahmagupta kennt schonns d’Positiounsarithmetik, deen den erhéichte Wert eenzelner Zifferen duerch hir blouss Stellung undeit a sech dozou der Null bedingt.
- 745 : De Virgilius vu Salzbuerg stellt eng richteg Usiicht iwwer d’Gestalt vun der Äerd op.
- 820 : Den Abu Dschafar Mogamed schreift säi System vun der Äerd (Rasm-al-Ardh) wouran hien all Uert no Längt a Breet bestëmmt.
- 865 : De Naddod entdeckt Island.
- 900 : Den Albategnius (Mohammed Al Batani) Statthalter a Syrien erkennt d’Exzentrizitéit vun der Äerdbunn an Präzessioun vun der „Dag- an Nuetgläiche“. An der Trigonometrie soll hie statt der Sehn, de Sinus agefouert hunn.
- 980 : Den Abu Wefa soll déi drëtt grouss Ongläichheet vun der Moundbunn, d’Variatioun fond hunn.
- 980 : De Gerbert vu Reims (Poopst Silvester II.) soll d’Gewiichtsauer erfond hunn.
- 983 : Den Erik der Rothe endeckt, vun Island ausfuerend, Grönland.