Cougnou
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Cougnou (oder Cougnolle) ass den Numm vun engem Gebäck, dat an der Belsch traditionell ëm Chrëschtdag gebak gëtt.
Et besteet aus Kuchen- oder Briochedeeg, heiansdo mat Korinthen oder Schoklasgrimmelen drann, an huet eng längelzeg Form, mat uewen an ënnen enger Knupp. D'Form soll un e gewéckelte Puppelchen, deemno d'Jesuskand, erënneren. Dacks gëtt an d'Mëtt eng Figur aus Marzipan dropgeluegt, déi och e Kand soll duerstellen; an deem Fall wier den Deeg ronderëm éischter als Wéi oder Krëpp ze gesinn.