Daniel Gabriel Fahrenheit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Daniel Gabriel Fahrenheit gebuer de 24. Mee 1686 zu Danzeg a gestuerwen de 16. September 1736 zu Den Haag war en däitsche Physiker an Instrumentebauer.
No enger Léier als Händler zu Amsterdam huet de Fahrenheit sech do 1717 no ville Reesen säin doheem ageriicht.
Hien huet deelweis an Holland an an England gewunnt an huet sech als Glasbléiser a Naturforscher dem Bau vun wëssenschaftleche miessinstrumenter zougewandt. Sou huet hien Aerometeren, Thermometere, Barometeren an Héichtemiesser gebaut.
Besonnesch Mossen vun der Temperatur hat dem Fahrenheit säin Interesse op sech gezunn. De Fahrenheit huet als éischten Thermometere gebaut déi jeweils déi genee de selweschte Wert fir déi selwescht Temperatur ugewisen hun. De Fahrenheit huet fir seng éischt Thermometeren Alkohol benotzt anhuet dësen spéider duerch Quecksëlwer ersat. Fir seng Thermometer ze justéieren huet de Fahrenheit mat 3 Temperature geschafft an zwar der Mëschungstemperatur vun Äis + Waasser + Salmiak dem hien de Wert 0 zougedeelt huet, dem Gefréierpunkt vum Waasser mat 32 Grad an dem Siedepunkt vum Waasser mat 212 Grad.
Dës Temperaturskala huet spéider säi Numm kritt an huet sech besoinnesch an Holland an andenen angelsächsesche Länner duerchgesat a gëtt och nach haut benotzt.