Wikipedia:FAQ (Technesch)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wikipedia-FAQ-Sammlung
Generell FAQ | Lieser | FAQ fir déi, déi matschaffen | zu Diskussiounssäiten | zu Biller | Administratioun | Technesch FAQ | Rechtleches
[Änneren] F. Wou kann ech Dysfunktionnementer mellen ?
- E. Hannerloosst ee Message op Wikipedia:Feelermeldungen
[Änneren] F. Wat maache wann de Site net méi geet ?
- E. Schéckt e Message op wikitech-l@wikipedia.org oder op wikidown@bomis.com
[Änneren] F. Wisou benotze mir keen HTML?
- E. Gutt Fro. Am Résumé : Fir et méi einfach ze maachen a jidderengem ze erlaben matzeschreiwen. Ausserdeem stellt HTML fir eng Säit, déi vu jidferengem verännerbar ass, e Sécherheetsrisiko duer.
[Änneren] F. Kann een och net-ASCII Zeechen oder Symboler benotzen ?
- E. Liest heizou d'Säit iwwert Spezialcharactèren fir eng detailléiert Erklärung wat der maache kënnt a wat net.
[Änneren] F. Wat ass mat den Artikelen am Beräich Mathematik, déi speziell Symboler, Schrëften a Graphike brauchen ?
- E. Liest heizou: Mathematesch Formele mat TeX schreiwen.
[Änneren] F. Wéi kann ech den Inhalt vu Wikipedia eroflueden ?
- E. Andeems dir heihinner http://download.wikipedia.org/ gitt.
[Änneren] F. Wéini gëtt en Artikel als Artikel ugesinn ?
- E. All Säit déi net eidel ass, an opmannst ee Link huet, gëtt als Artikel consideréiert.
[Änneren] F. Ech hunn Iddien fir d'Software ze verbesseren.
- E. : Gitt heihinner.