Franck Goddio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Franck Goddio ass 1947 zu Casablanca (Marokko) gebuer. Hien ass e franséischen Ënnerwaasserarcheolog, deen duerch spektakulär Entdeckunge bekannt ginn ass. Finanzéiert gëtt hien vu Sponsoren aus der Wirtschaft an duerch medienwirksam Vermaarktung. Zënter 1985 Schafft hien am Optrag vun de jeweilege Staaten ronn ëm den Äerdball. De Goddio huet e grousst interdisziplinärt Expertenteam ëm sech versammelt a schafft eng mat staatleche Verwaltungen souwéi mat international renomméierte Fuerschungsinstituten zesummen. Hie liewt zu Paräis an zu Madrid.