Franséisch Kantonen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
A Frankräich ass e Kanton (franséisch: canton) eng Ënnerglidderung vun engem Departement ënnert dem Arrondissement.
A ländleche Gebidder besteet e Kanton aus ville Gemengen (franséisch: communes), während déi grouss Stied selwer an Kantonen agedeelt sinn. Am Total gëtt et a Frankräich 4039 Kantonen (Stand: 2004).
[Änneren] Walgebitt
Déi wichtegst Funktioun vun de Kantonen ass haut déijéineg als Walgebitt oder Bezierk fir d’Wal vu Generolréit vun den Departementer. An der Rumm vun de Kantonalwalen gëtt an all Kanton e Generolrot (franséisch: conseiller général) gewielt. D’Generolréit vun alle Kantone vun engem Département maachen zesummen de Generolrot (franséisch: conseil général) – d’„Parlament“ – vum Departement. Opgrond vun hirer Funktioun als Walgebitt ginn d’Kantonen oft nei zougeschnidden, fir se un eng verännert Awunnerverdeelung unzepassen.
[Änneren] Verwaltungseenheet
Doniewent ass de Kanton eng territorial Ënnerdeelung vun der Staatsverwaltung an der Rumm vun der Dekonzentratioun vu Zentralverwaltungen, souwéi oft och eng territorial Ënnerdeelung vun der dezentraliséierter Verwaltung vu Gebittskierperschaften am Departement. Eegeverwaltungseenheete wéi d’franséisch Regiounen, d' Departementer an d'Gemengen, sinn d’Kantonen awer net.
D’Haaptuerschaft vun engem Kanton ass meeschtens och Sëtz vun ënneschte Staats- oder Departementsplazen. An all ländlechem Kanton ass mindestens eng Gendarmeriesbrigad stationéiert.