Gréngwäsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gréngwäsch ass e Portemanteau-Wuert, dat aus dem engleschsproochege Raum staamt, an ofgeleet ass vun der Faarf Gréng an dem Ausdrock wäisswäschen.
Den Ausdrock Gréngwäsch ass 1992 am Ëmfeld vun Ëmweltschützer entstanen, déi d' United Nations Conference on Environment and Development, d' UNO-Konferenz fir Ëmwelt an Entwécklung zu Rio de Janeiro als Affer vu staarke Lobbygruppe gesinn hunn, déi Firmaen, déi fir grouss Ëmweltschied responsabel sinn, an der Weltëffentlechkeet sollte wäisswäschen.
Zënterhier schaffe grouss Publicitéitsfirmen Kampagnen aus, fir Firmen, déi e schlechte Ruff hunn, no an no duerch manipuléiert Pseudoinformatiounen an der geschriwwener Press an iwwerhaapt als verantwortungsbewosst Ëmweltretter dohinzestellen.
[Änneren] Fir ze liesen
- Meister der Verdrehung am Der Spiegel, Nummer 31, 2006, S. 72ff.
[Änneren] Um Spaweck
- [*America's Ten Worst Greenwashers The Green Life, 2005