Gromperekichelchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gromperekichelcher si bekannt als lëtzebuergesch Spezialitéit, obwuel se eigentlech net typesch lëtzebuergesch sinn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Wat gëtt gebraucht?
- 1 Kilo Gromperen
- 2 Eeër
- 1 opgekéipten Iessläffel Miel
- 2 oder 3 Ënnen, jee nodeems, wéi déck se sinn
- 2 Schallotten
- 1 Gräppche Péiterséileg
- Salz
- Peffer
- Planzefett
- eng Pan
[Änneren] Wat gëtt gemaach?
- D'Grompere gi gewäsch, geschielt a graff gerappt.
- De Gromperebräi gëtt ofdrëpse gelooss. datt d'Steif mam Waasser erausleeft.
- D'Schallotten, d'Ënnen an de Péterséileg gi gehakt an bei de Bräi gemaach.
- 2 Eeër trennen; d'Duedere bei de Bräi ginn an dat Wäisst zu Schnéi klappen an dann drënner hiewen
- Dat Ganzt gëtt gepeffert a gesalzt.
- Mam Bräi gi platt Kichelcher geformt an am gliddege Fett an der Pan gebak bis datt se gëllegiel sinn
[Änneren] Originelles
Op der Websäit vum Collège vu Siirk fanne mer eng aner Manéier, fir Gromperepaangecher ze maachen:
- Gromperen an der Schuel kachen
- Se schiele, Pürée maachen, gutt ofgedrëpste waïsse Kéis derbäimëschen, e wéineg Rahm,dräi Zoppeläffel Miel, 2 Eeër, Knuewelek, Schalotten, Péiterséileg, alles gutt kleng geschnidd, Salz, Peffer. Alles gutt mëschen.
- An der Pan, kleng déck Pankécher maachen, an déi am Schmalz oder am schaumege Botter broden.
- Dëst Rezept gëtt och ouni wäisse Kéis gemaach. Da muss ee méi Rahm derbäidinn.