Hergé
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Georges Rémi, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlerpseudonym Hergé (* 22. Mee 1907 zu Etterbeek, † 3. Mäerz 1983 zu Bréissel), war e belsche Comicauteur an -zeechner. Säi bekannste Personnage ass sécherlech den Tintin.
"Hergé", op Franséisch ausgeschwat, setzt sech aus den ëmgedréiten Initalen "R.G." vu sengem Numm zesummen.
1929 huet hie mam Tintin sengen Aventuren ugefaang, an huet dës Serie Zäit senges Liewens virugefouert. Säi Wierk huet vill aner Comiczeechner, besonnesch an Europa, staark beaflosst. Besonnesch säi Molstil, Ligne claire genannt, huet vill Epigone fonnt.
Nieft dem Tintin huet den Hergé nach aner Serië gemoolt, dorënner Jo, Zette et Jocko a Quick et Flupke.