Hybridsprooch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Hybridsprooch gëtt eng Programméiersprooch da bezeechent, wann hire Sproochëmfank verschidde Programméierparadigmen ënnerstëtzt. Déi bekannteste Programméierparadigme sinn déi prozedural, déi objektorientéiert an déi funktionional Programméirung.
Eng bekannten Hybridsprooch ass C++, well se souwuel Elementer fir déi objektorientéiert wéi och fir déi prozedural Programméierung ënnerstëtzt. Mee och e puer vun de méi jonke Skriptsproochen ziele wéinst dëser Definitioun zu den Hybridsproochen.