Kärenzorten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Op der ganzer Welt gëtt et ongeféier 3500 Kärenzorten déi an 300 Aarten opgedeelt sinn. Hei ginn déi opgezielt déi am heefechsten an der Liewesmëttelbranche gebraucht ginn an zu Lëtzebuerg ënner dem allgemenge Numm Fruucht bekannt sinn.
D'Liewensmëttelbranche besonnesch d'Bäckereien an Nuddelsfabrikanten ënnerscheden tëschtent dräi groussen Zorten:
- 1) Mëll Kären; dës ginn haapsächlech gebraucht fir Broutmiel oder Pâtisseriesmiel ze maachen
- 2) Hart Kären; ginn haatsächlech an der Schmullproduktioun gebraucht
- 3) Käre fir d'Amélioratioun; dëst si meeschtens exotesch Kären, déi räich u Planzeläim sinn, an deenen hiert Miel geholl gëtt fir Nodeeler vu verschiddene Mieler déi an der Bäckerei gebraucht ginn auszegläichen.
Déi mat am wäertvollst Zort ass de Weess
Lëtzebuergeschen Numm | Wëssenschaftlechen Numm | Däitsch | Franséisch | Englesch |
---|---|---|---|---|
Spelz | Triticum Spelta L. | Dinkel | épeautre | spelt |
Weess | Triticum aestivum | Weizen | blé, froment | wheat |
Kar | Secale cereale | Roggen | seigle | rye |
Huewer | Avena sative | Hafer | avoine | oat |
Mais | Zea maysL. | Mais | maïs (blé de Turquie) |
maize (amer. corn) |
Räis | Oriza sativa | Reis | riz | rice |
Mill | Pennisetum glaucum | Perlhirse | millet perle | pearl millet |
Geescht | Hordeum vulgare | Gerste | orge | barley |
Wëllkaar | Fagopyrum esculentum | Buchweizen | sarrasin (blé noir) |
buckwheat |
Wantergeescht, Braugeescht | Hordeum vulgare L. | Wintergerste, Braugerste | escourgeon | winter barley, brewing barley |
Fluess | Linum | Lein, Flachs | lin | flax |