Militärmusek
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Militärmusek besteet aus Zaldoten, déi fir musikalesch Aufgaben ofkommandéiert goufen. Meeschtens handelt et sech ëm reng Instrumentalmusek. De Repertoire soll Zeremonien- a Marschmusek ëmfaassen, dorënner net nëmmen d'Nationalhymnen a patriotesch Lidder vum eegene Land, mee och déi vu méigleche Staatsgäscht.
D'Lëtzebuerger Militärmusek ass deen eenzegen Musekcorps (Fanfaren an Harmonien) am Land, deen nëmmen aus Beruffsmuseker besteet. Et handelt sech ëm en Total vu ronn 60 Museker. D'Militärmusek an hiren Dirigent stinn ënnert dem direkte Commando vum Chef vum État-Major vun der Arméi.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Dirigenten
D'Nofolger vum Fr. Ferd. Hoebich, Chef vum Musekcorps vum 1. Batailloun, waren:
- Philippe Decker (1879 - 1881)
- Gustave Kahnt (1881 - 1909)
- Edmond Patzke (1899 - 1903)
- Fernand Mertens (1909 - 1937)
- Pol Albrecht (1937 - 1939)
- Albert Thorn (1939 - 1960)
- Norbert Hoffmann (1960 - 1971)
- Pierre Nimax (1971 - 1986)
Vum 23. Juni 1986 un ass de Lieutenant-Colonel André Reichling Chef an Dirigent vun der Grossherzoglecher Militärmusek. Hie gouf assistéiert a senge Funktiounen vum 21. Oktober 1994 bis zum 12. Mee 2006 vum Capitaine Albert Genen, als Stellvertrieder. Si sinn alleguer och als Komponiste bekannt.
[Änneren] Repertoire
[Änneren] Literatur
- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausginn vun der Lëtzebuerger Stadmusek
- Nimax, Pierre: Die Luxemburger Militärkapelle : 1842 - 2001, An Ons Stad, Lëtzebuerg, No 67, (Juli 2001), Säiten 4-10