Montagne Saint-Pierre
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Montagne Saint-Pierre (nl.: Sint Pietersberg) ass eng Kopp an der Belsch an an Holland, déi tëschent dem Dall vum Geer (am Nordwesten) an dem Dall vun der Meuse (am Südosten) läit. Vu Westen no Oste gesinn fänkt se no bei Léck un a si geet bis op Maastricht. Déi zwou héichste Plaze sinn déi eng bei Houtain-Saint Siméon um Flouer Fond des Vaches (164 m) an déi aner um Flouer Espinenette tëschent Lixhe a Bassenge (153 m). Déi zweet genannten ass méi bekannt, well do den Tunnel du Geer, och nach Tunnel vu Wonck genannt, derduerch geet.
Fir Vëlosferventen ass se bekannt duerch den Amstel Gold Race, deen op sengem Parcours e puer mol driwwer geet.
Hir Zesummesetzung aus Kalleksgesteng mat Silexwaken an hir geographesch Lag maachen aus hir eng besonnesch Plaz.
Bekannt sinn hei:
- Al Silexminièren aus der Jongsteenzäit mat hire Galerien, déi nach bis an d'19. Joerhonnert exploitéiert goufen an eng Längt vun iwwer 200 km hunn;
- De gréisste Site aus dem Benelux wou Fliedermais liewen;
- Déi gréissten Orchideeëwisen aus dem Benelux mat Dactylorhiza, Ophrys, Orchis, an Epipactis;
- Déi éischt fossiliséiert Schanke vu groussen Déieren goufen hei am 18. Joerhonnert entdeckt a goufe bekannt ënner dem Numm «Grand Animal fossile des Carrières de Maestricht». Et war dëst haaptsächlech e Gebéck vun engem sou spéider genannte Mosasaurier dat vum Dokter C.K. Hoffmann 1780 identifizéiert gouf a 1795 op Paräis an de Muséum national d'histoire naturelle koum. Hei gouf dat deemools eenzegt Stéck 1808 vum Georges Cuvier beschriwwen.
- Komplett Skletter vu Mosasaurieren a vu Mierdeckelsmouken déi am belsche Deel fonnt goufen;
- Et ass déi nërdlechst Grenz vu ville Planzen an Déieren déi haapsächlech op Kallekwues virkommen.
- Vill Steekaule an deenen de Kalleksteen afgebaut gëtt fir d’Kalleksindustrie.
- De Fort Ében-Émael den zum Lécker Festungsrank gehéiert.
[Änneren] Geologie
D’ Montagne Saint-Pierre gouf duerch déi zwéi Waasserleef Meuse a Geer geformt, déi ee grousse Kallekplateau duerschnidden hunn. Déi westlechst Parti dovunner ass bekannt ënner dem Numm Hesbaye (nl.: Haspengouw) an déi ëstlech als Plateau de Herve.
Als geologesch Schichte fanne mer:
- Löss;
- Kisel;
- Quartzsand
- Kräid mat Silexwaken
An de Kräidoflagerunge si vill fossil Aschlëss vu Séiigelen, Schleekenhaisercher a Belemniten. Duerch d’Exploitatioun vun de Steekaule ginn dacks grouss Exemplare fonnt.
[Änneren] Hydrographie
De Bierg, deen tëscht dem Geer an der Meuse läit, gëtt net wäit vun der hollännescher Grenz tëscht Lanaye a Kanne vum Albertkanal duerschnidden, an dat duerch ee vu Mënschenhand gemaachten Aschnëtt d’Tranchée de Caster mat enger Längt vun 1.300 Meter an anger Déift vu 65 Meter.
D’ Schleis vu Lanaye, déi um Fouss vum Bierg läit, erlaabt de Passage vun de Schëffer an de Kanal vu Lanaye, dee weidergeet an de Juliankanal a bis an de Rhäin.
Am Osten huet d’Begradigung vun der Meuse, déi hei fréier d’Grenz gemaach huet, doudeg Äerem gelooss, wou elo Läichplaze fir d’Fësch enstane sinn.
Op dem lénksen Uwänner vun der Meuse ass déi Al Meuse, eng bekannte Plaz an dëser Géigend. Si gehéiert territorial zu Holland (well se fréier riets vun der Meuse louch) ass awer am Beëtz vun der Gemeng Visé. Dësen Eck ass eng vun den intressanteste Plazen an Holland vum ekologesche Standpunkt aus gesinn.
[Änneren] Ekologie
Vum botanesche Standpunkt hier ass d’Montagne Saint-Pierre ganz aussergewéinlech.
Um Kallekwues fënnt een hei vill Aarten, déi hei op hirer nërdlechster Grenz sinn, dovunner a ganze Pak Orchideeënzorten. Et ass d’Zesummespill vun der südëstlecher Expositioun mat de Kallekbiedem an dem grousse Flossdall, dat hei ee Mikroklima enstoe léisst wou et méi héich Temperature ginn.
De Kallekwues leeft awer d'Gefor ,duerch d’natierlech Ëntwecklung vu Gestraicher a Bëscher, déi sech lues a lues installéieren, iwwerdubbert ze ginn.
Dëst war fréier duerch d’Weede vun de Schof a Sange verhënnert ginn. Hautesdags muss déi landwirtschaftlech Exploitatioun duerch e speziellen Entretien ersat ginn. D’Weede vun de Schof gehéiert och nach do derzou awer d’Sangen gëtt ënnerlooss, well doduerch aner Planzen an Déiere futti gemaach ginn, wat schiedlech fir d’Biodiversitéit wier.
[Änneren] Industrie
Et ass bekannt datt scho Mënschen hei an der Jongsteenzäit gelieft hunn.
Et ass nieft Spiennes am Hainaut a Spy an der Provënz Namouer eng vun den dräi Plazen an der Belsch, wou schonns fréi Silex a grousse Quantitéite fonnt gouf.
Schonn an der Antikitéit goufe Galerie gegruewen fir Tuff ze gewannen. Dëse Stee gouf bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert geholl fir Haiser ze bauen. Déi lescht Tuffexploitatiounen ënner Dag ginn awer nach just weidergefouert fir Material ze hunn, fir al Haiser ze restauréieren.
Duerfir gëtt awer iwwer Daag fläisseg am grousse Stil zënter den 1920er Joere geraumt. Dëst Gestengs gëtt an der Zementsfabrikatioun gebraucht.
An Holland gëtt dës Produktioun vun der Eerste Nederlandse Cement Industrie (ENCI) gemaach, an an der Belsch vun CBR, Obourg an Imérys.
[Änneren] Uertschaften déi Deeler vun hirem Gebitt an der Montagne St. Pierre leien hun
[Änneren] An der Belsch (Wallounien)
[Änneren] An der Belsch (Flandern)
- Riemst