Moschter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Moschter ass ee schaarft Gewierz dat aus de gemuelene Somkäre vum wäissen, brongen oder schwaarze Sinnef gemeet gëtt. Et fënnt een en duerno a verschiddenste Formen a Geschmaacher erëm. Dee bekannteste vu deene schaarfen ass wuel de Moschter vun Dijon. Duerfir hunn och ganz vill Rezepter, wou Moschterzoossen derbäi sinn, op Menüskaarten den Zousaz à la dijonnaise.
Am Handel fënnt een de Moschter soss nach als ganz Kären, als Polfer, an als eng Zort Zooss an deeër de Moschterpolver mat Ueleg an Esseg an nach verschiddenen anere Gewierzer vermëscht ass, déi dann och deementspriechend säi Goût veränneren.