Rettungskorsseli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Rettungskorsseli, dacks och KED (vum Hierstellernumm Kendrick Extraction Device) genannt, ass en Apparat fir blesséiert Persounen aus Autoën erauszehuelen.
E KED besteet aus engem haarden a steife Réckendeel, dee jeweils op d'Bauch- an op d'Kapphéicht eng Leescht huet, déi ee kann ëmklappen. De KED gëtt um Patient festgemaach, zousätzlech gëtt de Kapp mat enger Minerv fixéiert. Wann dëse KED ugeluecht ass, kann een d'Persoun ouni hir dobäi d'Réck- oder d'Kapppositioun ze veränneren, aus dem Auto hiewen.
Sou hëlleft e KED, Wirbelsaileverletzungen ze verhënneren.