Rommel (Schëff)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lenkwaffen-Zerstéirer FGS Rommel (D187) war e Schëff vun der Bundesmarine vum Typ Z 103/B. D'Schëff huet zur Lütjens-Klasse gehéiert, eng Modifikatioun fir d'Bundesmarine vun der amerikanescher Charles-F.-Adams-Klass a war nom Erwin Rommel genannt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
D'Schëff gouf den 22. August 1967 zu Bath bei Bath Iron Works op Kiel geluecht.
Den Zerstéirer war méi wéi 30 Joer am Déngscht vu de däitscher Marine a war bei ville NATO-Manöveren derbäi, ënner anerem regelméisseg als Deel vun de Natosverbänn am Atlantik (STANAVFORLANT) an am Mëttelmier (STANAVFORMED).
Beim Stapellaf den 1. Februar 1969 war den deemolegen Bundesverteidigungsminister Gerhard Schröder an dem Erwin Rommel seng Wittfra d'Lucie Maria Rommel derbäi. Duerno koum d'Schëff op Boston, wou ët der Bundesmarine iwwerreecht gouf. Ënner dem Kommando vum Fregattekapitän Klaus Stange as et iwwer Lissabon, wou et getankt gouf, op Kiel, dem Heemechtshafe vun dem deemolegen Ersten Zerstörer-Geschwader, iwwerfouert ginn.
Den 30. September 1998 ass et ausser Déngscht gesat ginn well Betribsgenehmigung fir d'Kesselanlag afgelaf war. Duerno loung et am Hafe vu Wilhemshaven an ët ass gebraucht fir Ersatzstécker fir déi zwee Schwësterschëffer déi nach an Déngscht waren.
Am Joer 2004 huet d'Rommel am Remorquage vum Schlepper THOMAS de GAUWDIEF seng lescht Rees op Aliaga an der Tierkeigemeet, an do gouf si ofgerappt.
[Änneren] Schwësterschëffer
- Zerstéirer Lütjens D185 (zënter dem 18. Dezember 2003 net méi a Betrib)
- Zerstéirer Mölders D186 (zënter dem 28. Mai 2003 net méi a Betrib)
[Änneren] Technesch Garnitur
[Änneren] Bewaffnung
- 2x 127 mm /54 Mk 42 Mod 10 Geschëtztierm
- 2x 20 mm Maschinenkanounen, mechanesch
- 1x Eenzel-FK Starter Mk 13 Mod 1 fir Standard Missile an Harpoon
- 2x 21 Rolling Airframe Missile fir Noberaichsafwier
- 1x 8 ASROC ASW FK Starter
- 2x 3 324 mm Torpedoréier Mk 32 Mod 7
[Änneren] Leitsystemer
- AN/SPG-51C FK Leitradar
- AN/SPG-51C FK Leitradar
- AN/SPG-60 Radarbeleuchter fir Feierleitsystem Mk 86
- AN/SPQ-9A Verfolgen-während-Suche-Radar fir Mk 86
[Änneren] Sensoren
- DSQS-21B Bugsonar
- AN/SPS-67 Séiraumiwwerwaachungsradar mat mëttlerer Reechwäit
- AN/SPS-40D 2D-Loftraumiwwerwaachungs- a Fréiwarnradar mat mëttlerer Reechwäit
- URD-4 TACAN Antenn (1996 ofmontéiert)
- FL 1800 EW System
- AN/SPS-52C 3D-Loftraumiwwerwaachungsradar mat grousser Reechwäit