Schmelz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ënnert dem Begrëff Schmelz versteet een eng industriell Installatioun, déi als Zil huet, duerch Aschmëlze vu Matière eng aner Matière hirzestellen, déi verschafft a verkaaft ka ginn.
Etymologesch kënnt d'Wuert Schmelz vum Verb "schmëlzen", dat eng Ännerung vum chemeschen Agregatiounszoustand vun enger Matière bedeit.
An der Entwécklung vun der lëtzebuerger Siderurgie hu Schmelzen zu Lëtzebuerg eng grouss Roll gespillt.
Aus Äerz, notamment lëtzebuerger Minette, déi virun allem am Süde vum Land an der sougenannter Minettsgéigend afgebaut ginn ass, ass a Schmelzen verschafft gin.
[Änneren] Produktiounsweis
An Héichuewe gëtt mat Hëllef vu Brennmaterial (dacks Kok) Äerz esou erhëtzt, dass d'Metall sech aus dem Steen léist. Daat lo flëssegt, also ageschmolzent Material, gëtt iwwer Eisen- oder Stolstroosen aus dem Héichuewen geleet an zu diverse Produkter verschafft.
[Änneren] Standuerter vu Schmelzen zu Lëtzebuerg
Déi grouss Schmelze vum Land sinn am Süden ze fannen, notamment zu Déifferdeng, Esch a Rodange.
Méi kleng Schmelze sinn och mi nërdlech ze fannen wéi zu Stengefort oder zu Simmer (kuckt: Stengeforter Schmelz a Simmer Schmelz).