Selentschuk-Observatoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Selentschuk-Observatoire (russesch: „Зеленчукская обсерватория (САО)“) ass een Observatoire zu Selentschukskaja (Republik Karatschai-Tscherkessien) am nërdleche Kaukasus. Hei ass dat optescht BTA-6 Teleskop souwéi d’RATAN 600 Radioteleskop opgestallt.
[Änneren] BTA-6
D’Haaptinstrument vum Observatoire, ass de sechs-Meter-Spigelteleskop BTA-6 (Russesch: „Большой Телескоп Азимутальный“, grousst Azimutalteleskop), war zum Zäitpunkt vu senger Fäerdegstellung 1975 bis Ufanks de 90er Joer dat gréissten Teleskop vun der Welt. Mat dem 42 Tonnen schwéieren Borsilikatspigel gouf et Problemer, a sou huet 1978 dësen wéinst engem Rëssausgetauscht ginn. Den Ënnerscheed zu aneren Groussteleskopen ass, datt d’Sechs-Meter-Teleskop vum Selentschuk-Observatoire azimutal montéiert ass a mat Hëllef vun enger Computersteierung nogefouert gëtt.
[Änneren] RATAN 600
D’RATAN 600 ass e Radioteleskop mat 600 Meter Duerchmiesser.